Renault Symbioz & Espace

Renault huet viru kuerzem esouwuel eng nei Generatioun vum Symbioz, wéi och den Espace presentéiert. Béid Autoen an der Full-Hybrid-Versioun.
De Rich Simon ass béid Autoe gefuer. Den Haaptënnerscheed ass, datt d'PS eropgaange sinn.
Komm mir fänke mat deem méi klengen Symbioz un. Deen hat bis elo 143 Päerd. Elo sinn der 17 dobäi komm. An de Motor ass vun engem 1,6 op een 1,8 4 Zylinder eropgaangen. Dat kléngt elo net all ze vill Spektakulär. An awer mierkt een dat. De Motor ass vill méi roueg, wéi dee mat 143 PS. Doduercher ass den Auto méi agreabel ze fueren. De Symbioz ass a sech de grousse Brudder vum Captur. Dat heescht, et huet ee méi Plaz dran.

© Rich Simon
Ideal also fir eng kleng Famill. Bei enger Längt vu 4 Meter 41 bréngt Renault et fäerdeg eng Mall ze integréieren mat 492 Liter. Wann een d'Sëtzer ëmklappt, ginn déi Litere bis 624 erop. Dat ass schonns immens gutt.
Du hues elo gesot, datt den Auto ideal ass fir eng kleng Famill. Wéi gesäit et da ma Budget aus, deen een als Famill jo och ëmmer muss am A behalen?
Dat ass ganz richteg. Wann ee sech ee Full-Hybrid keeft, dann ass et virun allem, well een esou mann wéi méiglech wëll op d'Tankstell fueren. An dat ass mam Symbioz de Fall. Ech sinn eng 200 Kilometer mam Auto gefuer. Ënnert anerem och iwwer d'Autobunn an do louch mäi Verbrauch bei 4,9 Liter. Fir een Auto mat 160 PS ass dat ganz gutt an et ass een net wäit ewech, vun de 4,3 Liter déi Renault offiziell ugëtt.
4 verschidde Modusse stinn zu Verfügung. Richteg Sënn maachen awer just den Eco an de Comfort Modus. De Sport an de personaliséierten si fir d'Galerie. Wat elo de Präis ugeet. Renault bitt den Symbioz Full-Hybrid mat 160 Päerd fir 29.588 Euro un. D'Iconic-Versioun, wéi ech se hat, ass fir 35.438 ze kréien. Deen Ament ass den Auto mat allméiglech Features ekipéiert, déi ee brauch oder och net.
Vum Symbioz dann eriwwer bei den Espace...
Zanter 1984 ass den Espace elo an der 6. Generatioun ukomm. Déi 5. huet sech net méi esou gutt verkaaft, wéi déi Generatioune virdrun. Den Design huet iwwer all déi Joren dach e bësse verstëbst gewierkt. Dee Stëbs ass elo awer, a mengen Aen, nees erof. Den Espace wierkt nees méi sportlech, obschonns et jo déi Familljekutsch par excellence ass. Et gëtt den Espace mat 5 Plazen an ee mat 7 Plazen. Ech sinn dee mat 5 gefuer.

© Rich Simon
Wéi vill Espace huet een dann am Espace?
Masseg! Op der hënneschter Bänk ass net nëmme Plaz fir Kanner. Och een Erwuessene brauch sech hei net ze verdiebelen. Déi hënnescht Bänk kann ee iwwregens nach 22 Zentimeter no vir oder och no hanne beweegen. A well et eng Familljekutsch ass, ass och hei d'Mall wichteg. 692 Liter normal a bis 2.224 Liter wann alles ëmgeklappt ass. Do bleift net vill driwwer ze soen.
Da soe eis awer nach, wéi den Auto sech fiert a wéi vill e kascht?
Motoriséiert ass den Espace mat engem 1,2 Liter 3 Zylinder Turbokompresser mat 200 Päerd. Et gëtt och just déi Motorisatioun. Dat sinn eng Kéier 130 Päerd aus dem thermesche Motor a 70 Päerd aus dem Elektroundriff. Fir mech géif dem Auto een Zylinder méi besser zu Gesiicht stoen.
Heiansdo huet een d'Gefill, datt den Auto net esou richteg weess, wéini e soll ee Gang erop oder erof schalten. De Motor mécht zum Deel och vill Kaméidi. Mee et ass ee ekonomesch mam 3 Zylinder ënnerwee. 6,3 Liter hunn ech beim Test verbraucht. An der Techno-Versioun, kritt een den Espace schonns vu 40.515 Euro un. Beim Iconic läit een awer schonns bei 45.350.