Eng Autonomie vun iwwer 800km... dat ass éischter seelen, ma et gëtt et nach. Wéi net anescht z'erwaarden, kënnt hei en Diesel an den Asaz.

Et gëtt ëmmer méi rar, datt eis Automag Ekipp een Dieselauto ze teste kritt. Dat war awer elo nees eng Kéier de Fall. Nämlech mam Audi Q5 TDI. De Rich Simon hat den SUV ënnert de Rieder. Wann een un Diesel denk, dann denkt een automatesch u vill Kilometer. Ass dat bei dir och esou?

Automag: Audi Q5 TDI

Dat kann ech esou ënnersträichen. An dat war beim Audi Q5 TDI quattro och esou. Deen Ament wou ech an den Auto geklomme sinn, an den Tank war gefëllt, krut ech 930 Kilometer ugewisen. Dat hat ech schonns laang net méi. An domadder hunn ech och eng gewësse Virfreed gespuert. Nämlech net permanent bei d'Tankstell ze fueren, respektiv un enger Elektroborne ze lueden. Un déi 930 sinn ech zwar net eru komm. Eng 850 Kilometer waren awer dran. 7,2 Liter hunn ech op 100 Kilometer gebraucht.

RTL

© Rich Simon

Ass dat fir dech ee gudde Wäert?

A sech schonns. Mir schwätze beim Q5 TDI quattro vun engem Auto, deen ëmmerhin knapp iwwer 2 Tonne Gewiicht huet. A Gewiicht schléckt un der Dieselpompel. Eppes aneres wat schléckt. ass d'Leeschtung vum Auto. De Q5 huet awer nëmmen 204 Päerd. Dat sinn der net all ze vill, fir esou een SUV. Virun allem wann ee weess, a wat fir enge Sphären een den Ament mat den Elektroautoen ënnerwee ass.

Et ass ee sougenannten Mild-Hybrid. Dat heescht, datt een nieft dem 2 Liter 4 Zylinder thermesche Motor, och nach eng Batterie vun 18 kW. Virun allem beim Ufueren, ënnerstëtzt d'Batterie d'Diesel-Aggregat. Wie sech elo vill Sportlechkeet vum Q5 erwaart, deen ass op der falscher Pist ënnerwee. Vun 0 op 100 dauert et 7,4 Sekonnen. D'Spëtzt läit allerdéngs bei 226 Kilometer. Dat ass eng Vitesse, déi een zwar net brauch, Elektroautoen dreemen awer dovunner.

RTL

© Rich Simon

Keeft ee sech dann esou een Auto fir sportlech ënnerwee ze sinn?

Ech denken net. De Q5 ass virun allem ee Familljenauto. Dat heescht et soll vill Plaz sinn. An där huet ee vir am Auto masseg. Hannen ass et ok, awer och net méi. Ech hat d'S-Line am Test. An där sinn ënnert anerem méi sportlech Sëtzer mat dran, déi awer och komfortabel sinn. Am Interieur huet een déi gewinnten Audi-Qualitéit. D'Mall huet 520 Liter a keng Luedkannt. Dat mécht et méi einfach fir den Auto ze belueden.

RTL

© Rich Simon

Dann huel eis elo emol konkret mat op d'Strooss...

Ech hunn et am Ufank schonns gesot. De Q5 Diesel ass net de sportlechsten SUV. Awer hie fiert sech excellent. Virun allem mat der Loftfiederung. Déi ass allerdéngs on Top, op der typesch laanger Audi Optiounslëscht ze fannen. Mat den 204 Päerd an den iwwer 2 Tonne Gewiicht, soll een net ze optimistesch sinn, fir mordikus nach séier laanscht een Auto ze fueren. Et muss ee schonns richteg de Kick Down vun der 7 Gang DSG Boîte këddelen, fir dass et viru geet. Wat mech genervt huet, ass de Spuerassistent. Dee mellt sech vill ze dacks an och net grad, op eng sensibel Aart a Weis. Hei géif een Update vun der Software dem Auto gutt doen.

RTL

© Rich Simon

Da looss eis zum Schluss nach e bëssen iwwer de Präis schwätzen...

An der Basis kascht den Audi Q5 TDI quattro S-tronic 54.120 Euro. Dass ass a sech ee korrekte Präis fir deen Auto. Ech soen a sech, well wann een dann op d'Optiounslëscht shoppe geet, fir déi eng oder an er Spillsaach nach dobäi ze kafen, da geet de Präis dach rasant an d'Luucht. Mäin Testauto huet ronn 86.000 Euro kascht. An dat ass dach awer schonns relativ vill.