Wéi fiert sech en Auto, dee souguer de franséische President a sengem Fuerpark huet? De Christian Schmit huet et fir den Automag erausfonnt.

En neien DS. An zwar de „numéro huit“. Jo den DS 8 ass de Spëtzemodell an der Gamme. E kënnt reng elektresch op de Marché, an e ganz bekannte Personnage huet dësen elo als Déngscht-Limousine. Op der internationaler Presentatioun war fir eis de Christian Schmit mat dobäi. Wien ass dann deen DS-Promi? 

Automag: DS N°8

Bonjour. Dat ass keen anere wéi de franséische President Emmanuel Macron. Dee war den 8. Mee eng éischte Kéier mat senger DS 8 bei de Feierlechkeete fir 80 Joer Liberatioun op de Champs Elysées ze gesinn.

RTL

© Christian Schmit

Also ass den DS 8 e luxuriéise Modell?

Jo Porte drapeau fir d’Mark DS. Bon, déi fir den Elysée ass en Unikat, mee och soss ass eng DS 8 e Modell am ieweschte Segment, kënnt och op 4m82 a wierkt ganz extravagant. D'Designlinn ass elegant gezeechent a kënnt am Wandkanal op en top CW-Wäert vun 0,24. Wat mat sech bréngt, dass d’Autonomie, zumindest um Pabeier, mat 750km rekordverdächteg héich ausfält.

RTL

© Christian Schmit

Kann en da säi Verspriechen halen, a wéi fiert e sech?

Net ganz. Mir waren op engem ganz ofwiesslungsräiche Parcours am franséischen a Schwäizer Jura ënnerwee, a koumen duerch e Verbrauch vun iwwer 22kw/h net drun erun. Mee 600 dierften dra sinn, och pas mal.
De Batteriepack huet 75 oder 97 kw ze bidden. Leeschtung läit da bei 230 oder 350 PS.

RTL

© Christian Schmit

Souverän Fuerleeschtunge si garantéiert, Traktioun op 4 Rieder ass méiglech a bis 190 à l’heure sinn am DS 8 dran.
Jo an et ass gelongen, eng ganz bequeem Limousine fir op d‘Rees op d’Rieder ze stellen. D’Suspensioun mécht alles, fir dass Passagéier näischt matkréie vu schlechte Stroossen.

Komm mir luusse mol an den Interieur?

Haute couture française. Ganz elegant mat vill Lieder oder Alcantara, an nëmme ganz ënnen ass Plastik de „grande série“ ze spieren.

RTL

© Christian Schmit

E bëssche futuristesch den Tableau de bord mat allem wat Info an Entertainment grad hir ginn.
D’Sëtzer, scho bal Fauteuilen, bidde vill Confort, zumindest an der éischter Rei. An der zweeter sëtzt ee leider net esou kamoud wéinst der Batterie. Schued grad fir esou eng nobel Limousinn.

RTL

© Christian Schmit

Mee de franséische President ass deen dann zefridden mat senger DS 8?

Bon mir konnten en net selwer froen, mee e wollt op alle Fall déi Ekipp kenneléieren déi seng Versioun realiséiert huet, a bei DS ass een houfreg, dass di 70 Joer al Traditioun, DS an Elysée virugeet.

Fazit a Präisser?

Also mam avantgardisteschen DS 8 fält een op, dat ass gewëss. Op di Formesprooch elo der „grande masse“ gefält? Mol ofwaarden. Bestallt kann e scho ginn, kascht tëscht 56.000 an 73.000 Euro jee no Versioun, an am September ginn di éischt dann ausgeliwwert.

Bis dohi war den Emmanuel Macron bestëmmt scho méi dacks mat senger DS 8 ënnerwee.

RTL

© Christian Schmit