Mercedes-Benz CLA EQ
-
De PLUS
- Zäitgeméiss Batterietechnik
- Sprëtzegt Fuergefill (am CLA350+)
- Gutt Veraarbechtung
-
De MINUS
- Héije Präis
- Wéineg Plaz op der Réckbänk
- User Interface nach net optimal
An dësem Automag steet d'Zukunft vu Mercedes-Benz am Mëttelpunkt. Op d'mannst, wann ee sech mat den techneschen Detailer ausernee setzt.
Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp huet dat gemaach, a war op der Virstellung vum neien CLA zu Kopenhagen mat dobäi.
An do huet eis e volle Programm erwaart: nieft den éischte Kilometer hannert dem Steier vum vollelektreschen CLA war et och den éischte Kontakt mam neie Betriibssystem MB.OS, deen och an den nächste Modeller mam Stär den Takt ugi wäert. An dann dierfte mer och en éischte Bléck op den CLA Shooting Brake geheien…
Ech gesinn, du hues vill z‘erzielen. Fänke mer mam neien CLA un! Wéi wat wou?
Den CLA ass d’Entrée de Gamme bei Mercedes a kënnt op den éischte Bléck kompakt eriwwer. De sportlech-flaachen Design täuscht awer: 4,72m ass e laang a bitt besonnesch an der éischter Rei gutt Plaz. D’Réckbänk ass éischter fir kleng Passagéier ausgeluecht. Beim eraklamme stéisst ee sech gär d’Bëlz, fir d’Féiss ass wéineg Plaz an duerch déi wuchteg Sëtzer gesäit ee vir net vill eraus.

© Akim Schmit
D’Mall ass mat 405 Liter relativ grouss a wiem dat net duergeet kann op de Frunk auswäichen. Ënnert der Motorhauf sinn nach emol 101 Liter Plaz.

© Akim Schmit
Den CLA soll d’Zukunft vu Mercedes sinn. Wéi gesäit déi Zukunft da bannen aus?
Immens opgeraumt a gutt verschafft, och wann de Materialmix an den Testautoen eng „Affaire du goût“ war. Dominant ass déi riseg Displaylandschaft, déi sech iwwert déi ganz Breed vum Auto zitt an d'Armaturebried scho bal ersetzt. Richteg Knäppercher gëtt et - wéi bei der Konkurrenz - kaum nach. Iwwerrascht war ech allerdéngs iwwert d’Touch-Knäppercher um Steierrad, déi soss erëm um verschwanne sinn. An dat mat Recht, wéi ech fannen.

© Akim Schmit
Ugedriwwe gëtt de System vun engem fuschneiee Betriibssytem
Den MB.OS (Mercedes-Benz Operating System) ass eng Eegenentwécklung a soll och zukünftege Modeller déi néideg Intelligenz mat op de Wee ginn. Ofgesi vun enger KI, där dës Intelligenz am Test nach gefeelt huet, war den éischten Androck awer gutt. Iwwerschafft gëtt awer hoffentlech nach de User Interface: dat villt gezooms, gedréits a gepop-ups um mëttelste Schierm huet nawell ferm ofgelenkt. Mee näischt ass a Stee gemeesselt: mat Over The Air Updates léisst sech Ofhëllef schafen.
Aus der virtueller Welt eriwwer op t'Strooss. Wat zerwéiert eis Mercedes do?
Den CLA kënnt an zwou Variante, woubäi et mam CLA 250+ "mat EQ Technologie" lass geet. Dëse liwwert 200kW (272 PS) Leeschtung, brauch 6,7 Sekonne fir op Tempo 100 a kënnt op eng Reechwäit vu bis zu 792 km no WLTP. Am Test huet sech den Undriff als spuersam an zeréckhalend erwisen. Mäi Verbrauch louch bei gemittlecher Fuerweis bei 13,6 kWh/100 km, awer iergendwéi hunn de Punch an d’Sportlechkeet gefeelt, déi den CLA ausstraalt.

© Akim Schmit
Mäi Choix géif dowéinst op den CLA 350 4MATIC faalen: deen huet 260 kW (354 PS) Leeschtung, packt de Sprint op Tempo 100 a 4,9 Sekonnen a fillt sech an all Situatioun méi spontan, sprëtzeg an direkt un. De Plus u Leeschtung erkeeft ee sech mat engem méi héije Verbrauch (15,9 kWh/100 am Test) a manner Reechwäit: maximal 771 km stiechen an enger voller Batterie.

© Akim Schmit
Du hues d’Batterie ugeschwat. Grouss, séier oder esouguer béides?
Béides: am CLA setzt Mercedes op 800V Technik. Domat léisst d‘Batterie sech mat bis zu 320 kW lueden, esou fléisst an 10 Minutte Stroum fir déi nächst 325 km. Iwwerpréiwe konnt ech dat awer net. Mat engem Bléck an d’Zukunft ass den CLA esouguer kapabel fir bidirektional (V2H a V2G) ze lueden. Esou gëtt d’Kapazitéit vu 85 kWh scho bal zur Niewesaach.
Manner zur Niewesaach gëtt dogéint de Präis. Lass geet et fir den CLA250+ bei 56.870 Euro (Business Edition), fir den CLA350 4MATIC (AMG Line) stinn dann op t'mannst 68.600 Euro um Bon de Commande.

© Akim Schmit