RS – déi zwee Buschtawe sti bei Skoda scho laang fir déi méi sportlech Modeller. An neierdéngs gëllt dëst och fir d'Elektro-Gamm.

Nom Enyaq gëtt elo den Elroq mat enger RS-Versioun gekréint. De Paul Origer huet fir eis op der Presentatioun zu Prag erausfonnt, wéi sportlech den neien Elroq RS tatsächlech ass.

Automag: Skoda Elroq RS

Den Elroq verkeeft sech wéi waarm Bréidercher a war am Abrëll de Bestseller ënnert den Elektroautoen. Domat huet hien de Label RS och verdéngt, no Octavia, Kodiaq an Enyaq ass hien dee véierte Sportler an der Skoda-Famill.

Den Design
Et muss ee scho gutt kucken, fir vu baussen den RS ze entlarven. Wann et net grad den opfällege Mamba Green-Lack ass, da sinn et déi diskret Logoen, d’Applikatiounen am blénkeg-schwaarze Plastik, déi speziell Felgen oder den nei geformte viischte Pare-Choc, déi den Top-Elroq verroden.

RTL

© Paul Origer

Den Interieur
RS Lounge nennt sech hei den Design, dat heescht ënnert anerem Sportsëtzer, Alcantara, Carbon-Look an e speziellt Steierrad mat Paddelen. Virun allem ass den RS quasi komplett equipéiert; deier Optiounen wéi zum Beispill den Headup Display, de Soundsystem, elektresch Massage-Sëtzer a Matrix-LED-Phare sinn d’office u Bord.

RTL

© Paul Origer

Den Undriff
RS heescht fir mech natierlech de Summum a punkto Leeschtung. Mat 250 kW oder och nach 340 PS ass dat dann och de Fall, verglach mam zweetdéckste Modell 85 sinn dat awer just e plus vu 40 kW. Ëmmerhin sprint den RS awer iwwert eng Sekonn besser op 100, an zwar an nëmmen 5,4. An dat, ouni elo iwwerméisseg un der Autonomie ze suckelen; am Géigendeel. Den RS packt esouguer theoretesch 4 Kilometer méi, am ganzen 549. Bei 180 km/Stonn ass Schluss, geluede gëtt de 84 kW-Stonnen-Akku mat maximal 185 kW.

RTL

© Paul Origer

Op der Strooss
Wien sech ee briethaarde Sportler ouni Kompromësser erwaart, dee brauch net méi weider ze liesen. Den Elroq RS ass nämlech éischter ee gutt equipéierten a motoriséierten Elektroauto, deen am Alldag mat senger exzellenter Fiederung a ville prakteschen Talenter ze gefale weess. Wat net heescht, dat e langweileg ze fueren ass.

RTL

© Paul Origer

Beschleunegen deet en immens gutt, d’Modifikatiounen um Fuerwierk an un der Steierung hu mat Feedback a neutralem Verhale gutt gefall. Och d’Ambiance am Banneraum straalt schonn eng gewësse Sportlechkeet aus. Den Elroq huet awer ee Problem, dat ass de Speck. Iwwer 2.2 Tonnen ze manövréieren a virun allem ze bremsen, dat ass net esou einfach, besonnesch wann d’Fiederung scho bal ze mëll ass.

Am Resumé
Den Elroq RS ass op d’mannst genee esou gutt wéi seng e bësse méi brav Bridder, bitt awer nach de klenge Krack méi Exklusivitéit a Fuerspaass. Dee léisst sech Skoda awer relativ gutt honoréieren; verglach mam zweetstäerksten Elroq si fir den RS iwwer 6000 Euro méi fälleg. Dofir ginn et dann awer och Allrad, méi Leeschtung a méi Equipement.

RTL

© Paul Origer