Lexus NX300h
-
DE PLUS
- Look & Finitioun
- Bannenambiance & Équipement
- Agreabel fir Stad a Stau
-
DE MINUS
- 4-Zylinder-Sound & CVT-Boîte
- Net esou spuersam wéi versprach
- Net bëlleg
Am léiwste giff de Pascal Becker nëmme Spaassautoen testen. Mä hautzedags brauch een éischter de perfekte Stauauto. Säi Kandidat vun haut: de Lexus NX300h.
Et gëtt d’Mass an da gëtt et d’Gesiichter an der Mass. D’Chancen, dass een de Lexus NX300h an der Anonymitéit vun engem Parking verléiert, si kleng.
Hei hu mer Design, deen sech traut opzefalen. Wat erfrëschend ass. Well dëse Lexus trëtt un am Segment vun den urbane Softroader, dat momentan iwwerlaf ass. Japanesche Luxus ass eng Nisch, eng ganz agréabel Nisch.
Den Intérieur vum NX ass piekfäin verschafft, bis an de leschten Detail. An Detailer ginn et vill. Wéi zum Beispill deen eegestännegen Touchpad mat deem een duerch de Bordcomputer scrollt. E bëssen ongewinnt, mä et funktionéiert. Grad wéi déi 360-Grad-Kamera-Iwwerwaachung, déi Parken zum Spill mécht.
D’Sëtzer si superb, d’Raumvolumen adäquat. Et dierf een net vergiessen, dass hei jo och nach Hybrid-Batterie muss ënnerkommen. Esou gesinn, ass d’Mall OK. D’Sëtzer vun der Réckbänk loossen sech elektresch erop- an erofklappen. Grad wéi de Mallendeckel. Dat schount de Réck, mä verlaangt e bësse Gedold. Elektresch Butler sinn diskret mä e bësse lues.
Mä wéi kinnt een engem Auto béis sinn, deen esouguer e liederverkleete Schminkspigel op der Mëttelkonsol bereet hält. Wat an eiser Testgeschicht wuel eng Première ass.
Mir kréie regelméisseg reprochéiert, mir géifen nëmmen däitsch Autoen gutt fannen. Autoe sinn d’Produkt vun engem sozio-ekonomesche Biotop, optiméiert fir de Portemonni an d’Verkéiersconditioune vun hirer Haaptclientèle.
Den Traffic an enger Megalopolis wéi Tokyo oder Los Angeles besteet aus ganz vill Stop and Go a relativ nidderege Vitessen op Stadautobunnen. Hei ass den NX300h voll a sengem Element. Roueg an douce, et ass een dacks elektresch ënnerwee. A wann een am Stau steet, erfreet een sech un der Kabin, um gudde Radio an den honnert Knäppercher mat deenen e ka spillen.
Ënnert deene Conditioune läit de Verbrauch bei 8.3 Liter. Wat keng Schan ass, mä nun emol net esou gutt wéi déi 5 Liter, déi de Katalog versprécht. A mir si wierklech relax gefuer. De Fiederungsconfort ass iwweregens allgemeng gutt op laange Wellen, mä e bësse sec op esou Saache wéi Kanaldeckelen.
De Prinzip vum Hybrid hu mir Iech dacks erkläert. Eng Batterie sammelt d’Energie, déi normalerweis beim Bremse verluer geet. En Elektromotor dreift domat aleng oder zesumme mat engem Bensinsmotor den Auto un. De Chauffer gëtt just Gas. D’Gesamtleeschtung Bensin an Elektro läit bei 197 Päerd, de Lexus kënnt also vum Fleck. Leit, déi douce an entspaant fuere, genéissen dobäi akustesch Diskretioun, Bläifouss-Artisten dogéint kréien e 4-Zylinder-Concert servéiert, deen net esou richteg zum Ambiente Luxus passt.
D’stufelos Automatik léisst den 2.5 Liter, näämlech ëmmer a sengem effizientesten Toureberäich dréinen. Wat da kléngt wéi een, dee seng Kupplung murkst. Haaptsächlech am géie Biergop a beim Acceleréieren.
Bei konstanter Vitesse trëtt dann erëm Rou an. Mä, an domatter wiere mir erëm beim Biotop, fir Leit déi hektesch a séier fueren ass dat hei net de richtegen Auto.
Obwuel d’Stroosselag duerchaus schëtzeg Vitessen erlaabt, an den NX a Kéiere gutt läit. D’Basis ass vir gedriwwen, déi méi deier Versiounen hunn Allrad, deen awer ab 65km/h ofschalt. Fir an de Bulli ass de Lexus souwisou net gemaach.
D’Präisser fänken hoerschaarf ënnert 40’000 Euro un a reechen duerno bis bal 56’000. Net bëlleg, mä en Tribut un déi gutt Finitioun an déi räichhalteg Équipementslëscht. De passende Stau kritt ee gratis dobäi.