BMW 225i ActiveTourer
-
DE PLUS
- Finitioun
- Confort
- Fuerleeschtungen
-
DE MINUS
- Präis
- Traktiounsschwächten
- Net esou "active"
BMW brécht mat sengen Traditiounen. Den 2er ActiveTourer ass e Van an en ass virgedriwwen. De Pascal Becker wollt wëssen wou do d'Freed um Fuere bleift.
Den ActiveTourer ass e bëssen esou wéi wann e Sushi-Restaurant op eng Kéier Pizza ubidde giff. Ongewinnt, sécher net schlecht, sécher net bëlleg. Mä bon, wa Mercedes mat der B-Klass Mënz maache kann, versteet ee BMW. Emsou méi well se jo esou d’Plattform vum neie Mini kënne rentabiliséieren.
Jo, en ass vir gedriwwen. Eng Première fir e BMW. Mä ouni déi kompakt Traction Avant wier et net méiglech gewiecht, esouvill Raum unzebidden.
Fans vun der Marque fanne bannen eng gewinnten Ambiance, eng gutt Finitioun, a wann de Portemonni et aushält, Équipementsméiglechkeeten, déi kee Wonsch oploossen. Dass déi viicht Sëtzer net immens vill Säitenhalt bidden, ass fir e Minivan net vital. Mä vläicht en Indice.
Hannen ass d’Plaz generéis a variabel. BMW erfënnt wuel de Genre net nei, mä de Basis-Pflichtprogramm gëtt ouni Bléisst erfëllt.
Den ActiveTourer brécht zwar keng Raumrekorder, awer alles geet liicht an en huet déi séiersten elektresch Klapp am Secteur: 4 Sekonne fir zouzegoen, dat fänkt scho bal u praktesch ze ginn.
Wa wéi beim Testobjet 225i um Mallendeckel steet, ass net nëmmen den Deckel zimlech rapid. 231 Päerd si rar fir e Minivan. A wëllkomm. Dësen Turbomotor harmonéiert gutt mat der 8-Gang-Automatik, spillt fréi mat de Muskelen an ass normalerweis akustesch diskret. E Verbrauch ëm déi aacht Liter ass vläicht net spuersam, mä fir d’Leeschtung och net iwwerdriwwen.
Wéi bei villen Autoe kann een hei d’Perséinlechkeet iwwert Knappdrock beaflossen, a wéi bei deene meeschten ass een an der Default-Comfort-Positioun am harmoneschsten ënnerwee. “Touren” beherrscht dësen Auto näämlech ganz agréabel.
D’Vokabel “Active” sollt een allerdéngs flexibel interpretéieren. Rapid ass en. Handlech och. Mä net sportlech. Op schmierege glate Stroossen huet de viichten Terrain mat Wanterpneuen dacks Schwieregkeeten d’Leeschtung propper op de Buedem ze kréien. An et vermësst een dat BMW-typescht Réckmeldungsgefill bei der Steierung.
Déi méi schwaach motoriséiert Versiounen hunn domatter sécher manner Problemer. A wien bereet ass 2’000 Euro um Altor vun der Traktioun ze afferen, kritt en och mat Allrad. Allrad war awer esou zimlech déi eenzeg Optioun, déi eisen Testauto net u Bord hat. Shopping-Enthusiasten solle gewarnt sinn, dass dës Rees eréischt nërdlech vu 45’000 Euro en Enn fënnt.
Déi sëllegen Assistenz-Systemer déi een dofir krit, maachen d’Liewe méi sécher a méi einfach. Mä d’Technik gëtt ze dacks vu Juriste gebremst. Et huet een den Androck, dass en Affekot am Tableau agebaut ass. Esou akzeptéiert den adaptive Cruise-Control nëmme Vitesse vu manner wéi 140 anzehalen, wat fir en däitschen Autobunnsauto komesch ass. An de Stauassistent geet nëmmen op Autobunnen a refuséiert stur engem op engem Landstroossestau ze hëllefen.
Mat engem Antrëttspräis vu 26’000 Euro fänkt den ActiveTourer op der Héicht vun der Mercedes B-Klass un. An domatter wäit iwwert deem vu franséischen oder asiatesche Konkurrenten, déi grad esou vill Plaz bidden.
Premium-Keefer wäert dat net stéieren. Fundamental spillt et fir e Minivan och keng grouss Roll dass Dynamik keng Prioritéit huet. Mä déi nächst 1er Generatioun soll och dëse vir gedriwwene Chassis kréien. An dat ass fir Fuerenthusiasten net onbedéngt eng gutt Nouvelle.