Audi TT
-
DE PLUS
- Finitioun & Virtual Cockpit
- Fuerleeschtungen & Verbrauch
- grouss Mall
-
DE MINUS
- Ferm Fiederung am Dynamik-Modus
- Iwwersiichtlechkeet
- hënnescht Sëtzer nëmme fir Gepäck
"Evolutioun amplaz Revolutioun" stoung wuel am Cahier de Charge vum neien Audi TT. Revolutionär ass nëmmen de virtuelle Cockpit. En Test vum Pascal Becker.
Evolutioun ass alles an allem eng gutt Saach fir eis. Am Laf vu Joerdausende goufen esou aus Bakterien, déi um Bauch iwwert de Mieresbuedem gekroch sinn, an dausend klenge Schrëtt houfreg Automobilisten.
Diskret Evolutioun ass dat éischt wat engem beim Extérieur vum Audi TT 3. Generatioun afält. A firwat och net? D’Form ass net al ginn. Zäitlos nennt een dat. An et gi genuch Detailer un deene Spezialisten erkennen, dass dat heiten e komplett neien Auto ass an net nëmmen e Facelift.
Am evidentsten ass dat esoubal een d’Dier opmécht. Wëllkomm am “Virtual Cockpit”. E gestache schaarfe Schierm, deen all d’Instrumenter ersetzt an deen, ongewinnt fir Audi, serieméisseg ass. Den Navi kascht awer wéi gewinnt extra. Mä en erkennt esouguer krozeleg Handschrëften.
Iwwerall gouf opgeraumt, mä net op Käschte vun der Ergnomie. D’Commande vun Heizung a Klima? An d’Lüftungsdüsen integréiert. Instinktiv, elegant, evident. Firwat ass keen éischter drop komm?
D’Sportsëtzer halen an ënnerstëtzen op all de richtege Plazen. Viru hunn zwee Mënsche richteg gutt Plaz. Mam TT kann ee gutt reesen, well ee fir e Coupé och eng zimlech grouss Mall huet, dat esouguer iert een déi zwee Noutsëtzer mat bäihëlt. Wou souwisou nëmme jonk Hobbiten drapassen.
De minimalisteschen a perfekt verschafften Intérieur ass eng vum TT senge Stäerkten. Mä wa Coupéeën Autoë fir Individualiste sinn, dann ass dat hei scho bal ee fir Egoisten. De Bäifuerer huet näischt fir sech d’Zäit ze verdreiwen, kee Schierm fir drop ze kucken. An et kann een hien och net ustellen am Stau emol séier den Navi ëmzeprogramméieren. Am TT muss de Chauffer alles selwer maachen.
Offiziell ass deen neien tëscht de Spigelen ëm 14 Milimeter gewuess. Dat fält awer meeschtens net op, och wann dem TT seng Karosserieform net déi iwwersiichtlechst ass.
Ënnert dem schéine Blech stécht hei eng weider Variant vum “Modulare Querbaukasten”, der Legoskëscht mat där de VW-Konzern eng etlech Modeller zesummebaut. An dass dat eng gutt Basis ass, hu mir schonn dacks hei gesot.
Eisen Test-TT war en Antrëttsbensinner. Zwee Liter, Turbo, 230 Päerd, handgeschalt, 6 Sekonne vun Null op ze séier, 250 Spëtzt, am beschten op der anerer Säit vun der Musel. Dat ass sportlech genuch.
A wéi bei esou vill modernen Autoen kann een och beim TT d’Perséinlechkeet elektronesch beaflossen. An der Positioun “Dynamik” gëtt d’Fiederung méi ferm, de Gas méi bësseg an de Motor akustesch méi présent.
Obwuel en nëmme vir gedriwwen ass, hat eisen TT keng Problemer och op dëse schmierege Stroosse knackeg a präzis ze sinn, trotz Wanterpneuen. E fiert sech e bësse wéi e méi ferme Golf GTI. Wat kee Wonner ass, well se sech jo d’Mechanik deelen. An och keen Nodeel well de Golf scho gutt läit. Kritiker kinnten allerdéngs doraus schléissen, dass et dem TT un eegener Perséinlechkeet feelt. Mä dat wier Snobismus. Dësen Auto mécht Spaass, ouni musse Referenzen ze beméien. An et kann ee sech esouguer froen, op ee wierklech dee méi schwéiere Quattro mat senger DSG iwwerhaapt brauch.
D’Traktioun ass gutt, d’Gäng schalte liicht, de Verbrauch ka moderat sinn, ëm déi aacht Liter. Wann een net fiert wéi mir. Kritik? Dësen Audi rullt zimlech steif of, obwuel e mëll Wanterpneuen hat. D’Positioun “Dynamik” ass fir Stadverkéier a Kanaldeckelen eendeiteg ze haart, de Réglage “Comfort” kloere Favorit.
Ausnahmsweis fir Audi ass den TT am Coupé-Segment emol net iwwerdriwwen deier. 35’000 Euro kafe Form, Finitioun, Fuerleeschtungen a Virtual Cockpit. Virun Optiounen. En TT ass dobäi e bësse wéi en iPhone. Net onbedéngt dee beschten oder bëllegste Smartphone. Mä e schéinen Objet.