• Ford Mondeo

    • Confort & Ergonomie
    • Équipement & Stroosselag
    • Präis/Leeschtung
  • Ford Mondeo

    • Chaufferssëtz ze héich
    • Plazeweis haarde Plastik
    • Empfangsschwaache Radio
  • VW Passat

    • Finitioun & virtuelle Cockpit
    • Fuerleeschtungen & Stroosselag
    • Confort & Raumgefill
  • VW Passat

    • Präis
    • vill Optiounen
    • Ofrullconfort (19-Zoll-Felgen)

De Pascal Becker an de Serge Pauly hunn zwee nei klassesch Kombien probéiert: de Ford Mondeo an de VW Passat.

En Autotest bedeit heiansdo Kierperasaz haart um Limit. Alles am Déngscht vun der Wouresch. Schléift een zum Beispill besser am neie Ford Mondeo, well deen zéng Zentimeter méi laang ass wéi den neie VW Passat? Jo, wann d’Ski-Klapp net an de Réck géif drécken. De Serge bewonnert d’Stären duerch de Panoramadaach vum Passat, mä esou een huet och den Test-Mondeo.

An esou ass dat zwee Deeg laang gaangen. Wat deen een huet, bitt och deen aneren – méi oder manner. Well dee klengen Air vun Aston Martin am Design, deen huet just de Ford, op deen d’Händler elo scho ganz laang waarden. De Constructeur huet e Wierk an der Belsch zougemaach an domat d’Produktioun  op d’Kopp gehäit. Dëse Mondeo hätt kinnte virun zwee Joer géint deen ale Passat untrieden, wat fir eis méi einfach gewiescht wier.

VW ass de Meeschter vun der konstanter an obsessiver Verbesserung, a vum konservativen Design. Et mierkt een eréischt op den zweete Bléck, dass dëse Passat komplett nei ass. Enfin, baussen. Banne stécht direkt de virtuelle Cockpit an d’Aen. Deen hate mir jo eréischt an der leschter Sendung beim Audi TT. Do huet en eis gefall.

De Mondeo ass méi konventionell, mä dofir net ellen. En ass virun allem vill besser wéi säi Virgänger. Béid Autoe bidde méi Elektronic wéi e Spaceshuttle. A mengen et heiansdo zevill gutt. Wann een de Mondeo ausmécht, geet de Chaufferssëtz no hannen fir dass ee besser erausklamme kann. Ouni Récksiicht op Passagéier an der zweeter Rei, déi esou d’Knéie getéitscht kréien. Déi Funktioun kritt ee sécher ausgeschalt, mä wéi een Autosjournalist liest schonn eng Beschreiwung?

Nächsten Exercice: den Handy via Bluetooth mam Entertainment-System verbannen. De Menü am VW ass iwwersiichtlech mä Auto a Smartphone brauchen e bëssen bis se sech verstinn. Beim Mondeo muss ee manner Knäppercher drécken fir ze konfirméieren an d’Verbindung steet eng Minutt méi séier.

Et gi wéineg Saachen, déi méi langweileg ze filme sinn wéi Sëtzpositiounen. De Mondeo schléit aus senger Extralängt kee Kapital, ass awer grad esou confortabel wéi de Passat. Och wa fir mäi Goût de CHaufferssëtz net déif genuch erofgeet.

Zwee professionell Popometer kommen zur Conclusioun, dass een a béiden Autoe gutt sëtzt an esouguer hanne genuch Plaz huet. Dem Serge säi Réck mellt eng liicht Virléift fir déi optionell Confort-Sëtzer vum Passat a fënnt och dass deem säi Lieder sech eng Grëtz méi héichwäerteg ufillt.

Mä op dat elo verkaafsentscheedend sollt sinn? D’Finitioun vum VW ass effektiv nach besser, mä déi vum Ford och net schlecht. Jiddefalls net ëm ronn 5’000 Euro méi schlecht. Well dat ass d’Minimaldistanz déi zwee graff vergläichbar Exemplairen trennt.

Eis Kandidaten haten natierlech de gesamten Optiounskatalog, esouguer praktesch an diskret Unhängerkupplungen. De Präis (870€) ass bei béiden d’selwecht, mä déi vum Ford ass besser. Beim Passat kënnt se net vollautomatesch a Positioun. Et muss een drun zéie fir se anzerasten. Dat gëtt knaschteg Fangeren.

Virun 30 Joer wieren eis zwee Testautoen an der absoluter Luxusklass doheem gewiescht. Net nëmme wéinst de villen Assistenzsystemer, déi et deemools nach net gouf, mä och wéinst Stroosselag, Geräichconfort a Fuerleeschtungen.

Et ass gutt, sech drun z’erënneren, dass modern 2.0 Turbodiesel vun haut besser gi wéi Sportslimousine vun deemools. An dobäi nëmmen d’Haltschent brauchen. Ëm déi siwe bis aacht Liter, je no Gasfouss fir eis zwee, déi net mat ganz identesche Waffen untrieden.

De Passat hei huet een Turbo, 60 Päerd, zwee ugedriwwe Rieder an ee Gang méi wéi de Mondeo. A kascht dofir och schonn emol 10’000 Euro méi, virun Optiounen! Et gëtt och e vir gedriwwene Passat mat sechs Gäng an 190 Päerd, deen ass nëmme ronn 5’000 Euro méi deier. Mä en Allrad-Mondeo mat 210 Päerd ass ënnerwee. Et ginn also genuch Kombinatioune fir Äppel mat Bieren ze vergläichen.

D’For ass awer op et bei esou Familljekombien wierklech ëmmer déi absolut Top-Motoriséierung muss sinn. Déi 180 Päerd am Mondeo ginn duer. Dat hei sinn allebéid optimal Begleeder fir d’Laangstreck. Autobunnen iessen se op der Botterschmier. Wat eis esou opgefall ass: de Mondeo mécht e bësse méi Kaméidi beim Acceleréieren, ass duerno awer ganz diskret. An dem Ford säi Radio ass e bësse méi empfangsschwaach wéi dee vum VW. Bagatellen! An och an der Villa Pauly huet de Serge an der Tëschenzäit en Hoer an der Zopp fonnt. De Passat ass nääMlech op der Autobunn bei Bréckenofsäz oder Kanaldeckene e bësse ferm. Wat awer héchstwahrscheinlech manner um Fuerwierk läit wéi un den optionellen 19-Zoll-Rieder. Ästhetik kascht Confort.

An der Stroosselag hu mir et hei mat zwee gudden ze dinn. Si sinn net nëmme berouegend sécher, mä reservéieren och nach genuch Präzisioun fir wann de Chauffer emol alleng op enger Streck mat ville Kéieren ënnerwee ass. Wien iwweregens  vum Allrad-Passat e Spaassbonus erwaar, soll dat Klenggedrécktent liesen. Sécherheet a souverän Traktioun jo, quattoméissegen Drift nee.

Domat kann och de Mondeo net déngen. Mä en huet fäin Fiederungsmanéieren. D’Ingénieuren hunn de Schieber tëscht Sport a Confort liicht a Richtung Bequemlechkeet geréckelt. Ouni allzevill beim Sport ze verléieren. E gelongene Kompromëss fir e Familljenauto.

Dat Wuert Kompromëss bréngt eis da bei d’Präistabellen. Wiem et just ëm d’Grondqualitéite vum Auto geet, kritt am Prinzip en éischte Mondeo fir knapp 24’000 Euro, de Passat fänkt bei 26’000 un. An duerno geet et monter an d’Luucht.

Eis Testautoen haten sech duerch d’Optiounslëscht geknabbert wéi wann et Smarties wieren. Wuel ganz agréabel. Mä net geschenkt. Lëschtepräis vum Mondeo: 44’000 Euro. A ganzer 58’000 Euro fir de Passat. Schéi, wann ee Geld huet.

Am Résumé: Nach ni lounge Mondeo a Passat esou no beieneen. Den neie Mondeo ass eng gutt Iwwerraschung, an den neie Passat huet eis héich Erwaardungen erfëllt, mä en ass wierklech net geschenkt.

VIDEO: Ford Mondeo & VW Passat
De Pascal Becker an de Serge Pauly hunn zwee nei klassesch Kombien probéiert: de Ford Mondeo an de VW Passat.