• Ford Focus RS

    • Fuerleeschtungen, Allrad
    • Stroosselag, Driftpotential
    • Alldagsfrëndlech
  • Ford Focus RS

    • Verbrauch
    • Interieur net méi up to date
    • Wou kann een nach esou fueren déi dësen Auto et verdéngt?
  • Honda Civic Type R

    • hardcore Chassis
    • Fuerleeschtungen
    • Setzpositioun vir
  • Honda Civic Type R

    • hardcore Chassis
    • Net diskret, Traktiounsschwächten op naasser Strooss
    • Mickrege Sound

De Pascal Becker an de Serge Pauly testen zwee sportlech Kompaktween: de Ford Focus RS an den Honda Civic Type R.

RS Modeller hu bei Ford eng Geschicht an eng Aura. Rennsport fir de klenge Mann huet eng laang Rei Klassiker produzéiert a vill Course gewonn. Dat hei ass serieuxt Geschir.

Deen neien Focus RS huet nämlech Allrad an 350 Päerd.

Dohier de Circuit vu Chambley, extra grëffeg Pneuen. An en Instrukter deen de Journalisten d'Konscht vum Donut soll bäibréngen.

De Serge war eigentlech net matkomm fir ze dierften, mee fir ze vergläichen...mam Honda Civic Type R. Och dat eng Sportfamill mat impeccabelem Stammbam. An hei virtéischt mat Turbo.

Den Honda huet nëmmen 310 Päerd. A leeft trotzdem 270 Spëtzt, 4 méi wéi de Focus. Zu Chambley erreecht een déi net. Mee et kann een schnupperen.

Et mécht Spaass. Mee fir séier virun ze kommen op engem Circuit ass den Driff-Modus net optimal. Hei gi Sekonne verluer. Sport oder Track si besser.

Dee Problem huet de Serge am Honda net. Et gëtt just den R+ Modus deen alles e bëssen schäerft. Duerno hellt een de Civic wéi en ass.

An dat heescht propper fueren, net wéi en Hooligan an d'Kéier geheien. Sou ass den Honda onspektakulär schnell...mam richtege Chauffeur.

De Serge brauch 2'23', also 14 Sekonne méi wéi ech am Focus. Mir tauschen. Mam Civic kommen ech op 2'11'', bal esou séier wéi mam méi staarke Ford. Den Driftcharakter vum Focus leit dem Serge awer net. 2'26''. Eng Éiwegkeet.

Genuch gespillt. An zeréck an eng Welt vun désagreable Realitéiten. Do wou Leeschtung a Stroosselag am Hannergrond verschwannen.

An Zäite wou Radaren aus dem Buedem schéissen ass dee wichtegste Knäppchen de Limiter...

E bësse gemittlech Cruisen am 6. ass net vu Mutwell. Den Circuit ass nämlech duuschteg Aarbecht. Iwwer 20 Liter am Focus. Deen och am Alldag seelen wäit ënner 12 fält.

Den Honda ass och net richteg spuersam, mee kennt awer däitlech méi weit mat engem Tank. Iwwerhaapt, et gëtt just ee Wee wei des 2 Autoen finanziell rentabel kenne sinn. Et sinn ouni Zweiwel zukünfteg Klassiker. A wien et sech leeschte kann se 30 Joer am perfekten Originalzoustand se versuergen mécht dann dat grousst Geld. Soulaang se ënnerdaach stoungen.

Et wier natierlech e bësse Schued se an e Container anzespären. Well de Reiz vun eisen Testkandidaten ass hir Polyvalenz. D'Fuerleeschtungen vun engem Sportswon. An alles wat een brauch fir den Alldag ze meeschteren. Mat 4 Dieren an enger grousser Mall fir akafen ze goen.

Mam Honda fält een am meeschten op. Dergéint ass de Focus scho bal diskret.

Hei hu mir et erstaunlecherweis och bannendran mat 2 verschidde Charakteren ze dinn. Den RS ass ganz Focus, bis op d'Schuelesetzer an iwwerall blo Highlights. Et funktionéiert mee et verréit och dass d'Basis net méi di jéngst ass.

De Civic ass bannen sou extravagant wéi baussen. A méi futuristesch. Et gëtt souguer e G-Meter um Menu. Wat op mannst emol cool klengt. En Reckfuercamera hu se allebéid.

D'Sëtzpositioun an d'Setzer selwer si besser am Honda, am Ford setzt een ze vill héich. Och di japanesch Finitioun mëscht e besseren Androck. Op de viischte Platzen heescht de Gewënner Civic.

Passagéier aus der zweeter Rei stemmen awer fir de Focus. Wou se net nëmme besser setzen mee och nach méi Platz hunn. Si freeë sech och iwwer eng Fiederung di net sou hardcore ass wéi de ganz fermen Honda. Dofir ass de Focus de Favorit fir de Familjenalldag.

Musik fir d'Oueren liwwert haaptsächlech de Ford... well seelen hu 4 Réier esou e schappege Sound produzéiert wéi beim Honda. De Motor klengt wéi e Staubsauger. Och wann en aner Qualitéiten huet. Wéi zum Beispill e ganz lineaire Leeschtungscharakter, mat Dreimoment a Power bei all Dreizuel.

Beim Focus huet een dat och. Eben just nach e bësse méi. 2300 Kubik géint 2000 erginn nun emol 40 Päerd an e Batz Dréimoment extra.

Ob dréchener Strooss huet den Honda kee Problem matzehalen. Och mat nëmmen 2 ugedriwwe Rieder an engem Sperrdifferential. De Civic ass awer definitiv méi hardcore an zeckt och net mam Schwanz ze wackelen wann een an enger Kéier vum Gas muss. E fiert sech wéi e Rennauto dee vun engem Circuit fortgelaf ass.

Beim Focus RS geet dat alles méi labber. A wann d'Strooss senger liewe naass a schmiereg ass spillt de Ford a senger eegener Kategorie. Sécher, och e Golf R, Audi RS 3 an Mercedes A 45 AMG hunn Allrad. De Golf ass méi schwaach a méi deier, Audi a Mercedes si just bësse méi staark an präislech komplett ofgehuewen. A keen huet en Driffknäppchen.

Um Enn vun dësem Vergläichstest heescht de Gewënner Fuerspaass well dee bidden se allebéid op hir Manéier. Den Honda kascht jee no Equipement tëscht 34 an 36.000 Euro, de Focus fänkt bei 38.000 un. Mir mengen awer dass eleng den Allrad an den Driffknäppchen dëse Supplement méi wéi wärt sinn.