Kaum hu Stuttgart a München mat de Modeller Mercedes GLC a BMW iX3 hir grouss Hoffnungsträger lancéiert, scho kënnt de Géigewand aus Schweden! De Volvo EX60 trëtt vläicht diskret op, huet et awer fauschtdéck ënnert dem Capot. De Paul Origer ass deen neien Elektro-Volvo fir eis zu Barcelona gefuer.
Net nëmmen ee Game-Changer a sengem Segment – fir een haut geleefegt Wuert ze benotzen - mee och deen éischte Volvo op der neier SPA3-Plattform! An dee soll a punkto Autonomie, Luedvitesse, Performance a Präis d'Kaarten nei mëschen.

Typesch Volvo an zimmlech diskret: vu vir dominéieren déi bei E-Autoe scho gewinnte glat Nues, donieft wéi bei all Volvo d'Dagesluuchten a Form vum Thor sengem Hummer. Hannen ass den Ubléck och gewinnt, genee wéi d’Flanke mat de muskulöse Schëlleren, déi net nëmmen Design-Element sinn, mee och fir déi renomméiert Volvo-Sécherheet stinn.

Eng grouss Innovatioun gëtt et awer, an zwar d'Diergrëffer. Kleng Finnen op der Fënsterkant, e bëssen änlech wéi beim Mustang Mach E.
Hei ass een direkt doheem. Hell a lëfteg, Materialie wéi Stoff, Woll oder mëllt Konschtlieder, déi direkt déi typesche Gemittlechkeet vermëttelen. Zum Gléck hieft d'Veraarbechtung sech qualitativ vum klenge Brudder EX30 nawell däitlech of. Zwar sinn d'Matièren och deels recycléiert, kréien dat awer besser verstoppt.

Den EX60 bitt donieft och vill Plaz. Chauffer a Bäifuerer hunn dank deem schlanken an nidderegen Tableau vill Raum fir d'Been an eng Hellewull un Oflagen, hanne sëtzt een och richteg gutt. Dozou nach perfekt geformte Sëtzer an déi laang Rees ka lassgoen.

Hei heescht et klotzen statt kleckern. Dräi verschidde Variante wëlle fir all Besoin eppes bidden; 83, 95 oder 117 kW-Stonnen ass d’Kapazitéit vun der Batterie, tëscht 374 a 680 PS leeschten d'Elektromotoren a vun 611 bis 810 km ginn un Autonomie versprach. Luede kann den EX60 mat 800 Volt-Technik a maximal 300 – 400 kW Vitesse natierlech och nawell séier; gutt 300 km kënne sou an 10 Minutten nees geluede ginn.

Wann een d'Leeschtungsdate kuckt, dann erwaart ee sech beim EX60 en heftege Sportler, ma deem ass net esou: esouguer mat verstellbaren Amortisseure an décken 22-Zoll-Rieder bleift d'Fiederung nach ëmmer komfortabel, dat wierklech super-handlecht klengt Steierrad mécht Loscht op Kéiere fueren, enttäuscht awer bësse mat schappegem Feedback. Dofir geet den EX60 immens gutt vun der Plaz, och schonn an der Basis-Versioun P6. An dat, ouni bannendran och dee geréngste Kaméidi ze maachen. Wand- a Fuergeräischer ginn et quasi keng. Knäppercher leider och net esouvill a wéi beim EX30 leeft vill iwwert de grousse Schierm an der Mëtt. Leider nees suboptimal. Beim autonome Fueren hänkt Volvo der Konkurrenz och nach e bëssen hannendrun. Wou anerer scho laang Strecke fräihänneg erlaben, si beim schweedeschen Elektrobomber nach Virsiicht an d'Hänn um Steier gefuerdert.

Keen Zweifel, Design an Interieur esou wéi den extreem héije Sécherheetslevel sinn typesch Volvo, verschidde Schrullegkeete beim Bedéngen och. Dofir gëtt mat Superlative bei Leeschtung an Autonomie opgetrompt. Wéi dat an der Realitéit ausgesäit, weist ee spéideren Alldagstest. Präislech gouf bei Volvo och een Effort gemaach. Bei 61.200 Euro start den EX60 an ënnerbitt domat de wäiss-bloe Konkurrent schonn emol däitlech.
