Zanter 26 Joer ass de 408 an der Gamme vu Peugeot vertrueden. Mëttlerweil ass een dann och, ënnert anerem, mat engem elektreschen Undriff um Marché. Elo gouf et ee Facelift. De Rich Simon, aus eiser Automag-Redaktioun, ass de Fransous gefuer. Déi éischt Fro: fält de Facelift engem direkt op?
Jein...Ech géif mengen et hätt domadder ze dinn, wéi gutt ee gesäit oder net. De 408 wéisst elo méi Krallen, vum Peugeot typesche Léif. Dat gesäit ee virun allem an de viischte Luuchten. Do goufen elo, wéi och schonns an anere Peugeot Modeller, déi 3 Krallen integréiert. Déi loossen den Auto bësselche méi aggressiv wierken. Hannen un der Mall, ass elo och de Peugeot Schrëftzuch illuminéiert an och an de Stoppluuchten, sinn déi 3 Krallen nees ze gesinn. Soss huet sech awer um SUV Coupé, net vill äusserlech geännert.

Huet sech da banne vill geännert?
Hei géif ech éischter soen Nee. An dat ass Schued. Net well den Design bis elo net flott war, mee hien ass zum Deel net immens praktesch. Dat relatiivt klengt Steierrad ass awer, jee no Sëtzpositioun, nach ëmmer grouss genuch, datt een net alles um Display virun engem kann ofliesen. Do hu se am Hexagon näischt vun der viregter Kritik geléiert.

Wat de Cockpit awer soss ugeet, deen ass flott, gutt verschafft an nach ëmmer liicht futuristesch. An dat gefält mir gutt. Gutt gefält mir och d‘Mall. Déi léist sech, mat 471 normal a 1.545 Liter mat ëmgeklappte Sëtzer, weisen.

Du hues den Auto awer net nëmme gekuckt. Du bass en och gefuer. Wat fir eng Andréck hues du do zeréck behalen?
Duerchaus positiv. Souwuel d‘Lenkung, wéi och d‘Bremsverhale si gutt. Hei gëtt et näischt ze meckeren fir dat Präis-Segment, an deem den E-408 dran ass. 175 kW, dat sinn 213 Päerd, kommen aus dem Akku. Domadder ass ee vun 0 op 100 an acceptabelen 7,2 Sekonnen. D‘Spëtzt, déi läit bei 160 Kilometer an der Stonn. Dat ass elo net immens, fir een Auto deen awer eng sportlech Silhouette huet.
Wéi gesäit et da mat der Batterie aus, déi am Peugeot E-408 dran ass?
Hei hätt ech mir een Upgrade gewënscht. Den Akku war a sech vun Ufank un een negativen Aspekt vum 408. Net an der Qualitéit, awer an der Kapazitéit. D‘Batterie huet nämlech nëmmen 58,2 kWh. Fir déi Gréisst vun Auto, ass dat a mengen Aen ze wéineg. D‘Ingenieure vu Peugeot riede sech bei där Diskussioun domadder eraus, datt eng méi grouss Batterie, op Käschte vun der Mall géif goen. Dat maach duerchaus sinn.

Op där anerer Säit seet de Client dann, datt wann een en Auto mat enger méi grousser Mall fiert, datt een deen Auto keeft, fir och an d‘Vakanz ze fueren. An dann huet een, duerch dee klengen Akku, de Problem vun der Autonomie. An dat mécht et a mengen Aen och schwéier fir ze soen, datt de Peugeot E-408 een Auto ass fir eng gewëssen d‘Zilgrupp. Wat elo de Verbrauch ugeet, dee läit offiziell bei 14,7 kWh. Op de ronn 200 Test-Kilometer, sinn ech och un dee Wäert erukomm. An dat ass gutt! Déi offiziell Autonomie läit bei ronn 450 Kilometer.
Da looss eis och nach iwwer de Präis schwätzen.
De 408 mam Elektorundriff kritt ee vun 39.670 Euro un. Dat ass ee korrekte Präis fir een Auto, deen awer eng gewësse Gréisst huet an op der Strooss och eppes duerstellt. Et sief och nach gesot, datt een den Auto als Plug In Hybrid fir 38.126 Euro an den Hybrid schonns fir 30.570 Euro kritt.

INTERNET: Peugeot E-408