Automag - Um Circuit mat Profien ënnerweeAlfa Romeo Driving Academy an Test vum Tonale

Christian Schmit
De Christian Schmit hat d'Geleeënheet um Circuit säin Talent ze beweisen.

Dass eist Automag-Team Autofueren am Blutt huet, dat schéngt logesch. Mee och si sinn net all Dag op engem Circuit mat Profi-Instrukteren ënnerwee. An do koum di Geleeënheet fir an d’Alfa Romeo Driving Academy grad gutt. De Christian Schmit war mat a Bella Italia.

Automag: Alfa Romeo Driving Academy an Test vum Alfa Romeo Tonale

Jo genee op de Circuit vu Varano de Melegari, eng 30 km südlech vu Parma. Hei ass zënter 1991 d'Alfa Romeo Driving Academy doheem, do wou Passioun, Präzisioun an Emotioun zesumme komme mat der Ekipp vun der Scuderia ronderëm de Gordon Adamich. Bausse gi mir scho vun den legendären Alfa Klassiker empfaangen.

© Christian Schmit

Jo Alfa Romeo, dat si jo di Modeller mat de méi sportlechen Alluren an Ambitiounen am Stellantis Grupp.
Um Circuit sollte mir erfueren zu wat ee mat enger Guilia a Stelvio Quadrifoglio Q4 mat 510 PS um Stand ass. An dat ouni schweesseg fangeren ze kréien.
An et sief och gläich gesot, et geet net ëm Vitesse eleng, nee och e sportlechen a séchere Fuerstil gëtt vermëttelt.

"Ici a Varano il y des courses pour les pilotes et pour les clients d’Alfa Romeo et on va faire des expériences avec les instructeurs qui vont expliquer la technique du pilotage. On va essayer d’améliorer la technique, mais aussi d’avoir un bon temps sur la piste et aussi la sécurité."

Déi Driving Academy ass an der Moto Valley doheem.

"Ici il y a le cœur de l’Automobile d’Italie. Surtout le circuit est très technique et homologué par la Fédération italienne pour des courses et essais. La place parfaite pour des courses et essais avec Alfa Romeo."

© Christian Schmit

An der wonnerschéiner Géigend vun der Emilia Romagna hate mir dann awer och Geleeënheet fir de Modell "Tonale" ze fueren, deen elo kierzlech iwwerschafft gouf.
Den Tonale ass jo nach ëmmer e vun den elegantsten SUV ënnert der Stellantis Régie.

© Christian Schmit

Optesche Fein-Tuning gëtt gebueden mat enger neier Front am Scudetto Look. Jo an och anno 2026 kann en Tonale nach als Diesel bestallt ginn. Mild Hybrid a Plug In Hybrid sinn och méiglech.

© Christian Schmit

A mat deem lescht genannte ware mir um Fouss vun den Apeninnen ënnerwee. Wéineg Verkéier, vill Kéieren, a keng Carabinieri, sou dass den Alfa seng sportlech Note konnt weisen. Eng 50km sinn och reng elektresch dran.

© Christian Schmit

Temperament ass och mat 270 PS genuch do, mee leider schalt d’Automatik dacks ze vill nervös hin an hier. Mee Stabilitéit, Agilitéit an Traktioun sinn um Rendez-vous.
Geheie mir nach e Bléck an den Interieur wou et och en Update gouf.

© Christian Schmit

A Plaz hëlt e weiderhin op feinstem Lieder oder Alcantara wat d’Alfisti Communautéit sech awer och eppes kaschte muss loossen.
Mam Junior, Tonale, an de scho bal Klassiker Guilia a Stelvio ass d’Mark vun Arese bei Mailand nach ëmmer ganz beléift an déif mat Italien verwuerzelt.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO