Zanter 24 Joer gëtt et de Citroën C3. Mëttlerweil ass een an der 4. Generatioun ukomm. An et ass een elo och mat engem Elektroundriff vertrueden. Nämlech mam ë-C3. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun, ass de klenge Fransous gefuer. Ass en dann iwwerhaapt esou kleng?
Aus Kanner gi Leit. Den C3 ass mat enger Längt vu 4 Meter an 2 Zentimeter, nach ëmmer kee Ris. An awer, hues de bannen am Auto gutt Plaz. Do ginn et Marken a Modeller aus dem B-Segment, bei deenen een net dat Raumgefill huet, wéi am C3. Mat 400 Liter ass d‘Mall och konkurrenzfäeg. Allerdéngs huet een eng extrem héich Luedkannt, an déi mécht et engem net einfach, wann ee Mol eng méi schwéier Këscht aus der Mall muss hiewen.

Plaz huet een also genuch. Wéi ass den C3 da banne verschafft?
Ech géif soen OK! Fir mam Präis, virun allem vis à vis vun der chineesescher Konkurrenz matzehalen, muss ee sech eppes afale loossen, respektiv Saachen ewech loossen. Du hues zum Beispill keen Display, fir den Infotainment. Konkret bedeit datt, datt däin Navi, respektiv de Radio iwwer den Handy kënnt, deen een dann an der virinstalléierter Halterung fixéiert. Dat ass een a sech net méi gewinnt. Net méi gewinnt ass een och, datt et nach eng klassesch Handbrems gëtt. Am C3 ass déi awer nach dran. Dofir sinn awer keng Accoudoiren am Auto. Gestart gëtt den C3 mat engem klassesche Schlëssel, déi een och net méi all ze dacks gesäit.

Du bass den elektreschen C3 gefuer. Wat huet een dann do ënnert der Hauf, respektiv an der Batterie?
30 kWh huet d‘Batterie déi verbaut ass. Do läit et op der Hand, datt den ë-C3 net geduecht ass, fir laang Strecken ze fueren mee éischter als Urban Cross-Over zum Asaz kënnt. D‘Batterie ka just mat 30 kW geluede ginn. Den Akku soll dann a 36 Minutten, vun 20 op 80 Prozent kënne geluede ginn. Selwer teste konnt ech dat awer net. Am Stadverkéier gëtt Citroën de Verbrauch mat 11,6 kWh un. De kombinéierte Verbrauch, mat 16,5 kWh. Wärend der Testfaart louch mäi Verbrauch, bei 15,8 kWh, wat ee gudde Wäert ass.

Wéi fiert den ë-C3 sech dann?
Mat den 83 kW, also 113 PS, däerf ee sech keng Wonner a Saachen Acceleratioun erwaarden. Dofir keeft ee sech den C3 och net. Fir vun 0 op 100 ze kommen, ass een 12 Sekonnen amgaangen. Déi maximal Vitess, läit och just bei 125 Kilometer. D‘Fuerverhale vum Auto ass gutt. D‘Steierrad gëtt engem eng direkt Réckmeldung, woubäi ee sech awer trotzdeem un déi oval Form e bësse muss winnen. Knubbelen a Lächer an der Strooss, gi vun där éischter mëller Fiederung gutt absorbéiert.

Da musse mir och nach iwwer de Präis schwätzen?
An do schwätzen ech gären driwwer. De Citroën ë-C3 ass méi wéi attraktiv. Wéi schonns am Ufank gesot, ginn et puer Saachen déi een net am Auto huet. Ob een déi awer mordikus brauch, ass eng aner Saach. Den ë-C3, mat der 30 kW Batterie, déi ech am Test hat, kritt ee vun 18.843 Euro un. Fir d'Batterie mat 44 kW, muss ee minimum 22.226 bezuelen. Awer och dat ass e ganz attraktive Präis.

INTERNET: Citroën ë-C3