Mercedes-Benz huet déi nei Generatioun virgestallt – an déi kënnt och als Elektroauto. Wat den neie CLA Shooting Brake kann a wéi e sech op der Strooss schléit, dat wees den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
Et soll jo Leit ginn, déi sech net fir en SUV begeeschtere kënnen. A genee fir déi huet Mercedes mam CLA Shooting Brake eng Alternativ: de Shooting Brake kombinéiert déi elegant Linn vun engem Coupé mam Notze vun engem Kombi.

A wat mécht déi nei Generatioun aus?
Un der Front huet Mercedes net vill geännert: déi laang Motorhauf an déi déif Daachlinn suerge fir e sportlechen Optrëtt. Besonnesch opfälleg sinn déi vill beliichte Mercedes-Stären un der Front. Dat gesäit modern aus, ouni iwwerdriwwen futuristesch ze wierken.

De gréissten Ënnerscheed fënnt een awer hannen. D‘Daachlinn geet méi spéit an e markant Heck iwwer, dat dem Auto en eegene Charakter gëtt. Mat de schmuele Réckluuchte wierkt de Shooting Brake méi dynamesch a fir mäi Goût och vill méi harmonesch wéi déi klassesch Limousine.

A bannendran?
Do dominéiert den optionalen Hyperscreen, dee sech bal iwwer déi ganz Breet vum Cockpit zitt. Dat muss engem gefalen. D'Veraarbechtung ass op héijem Niveau, d'Materialie maachen e gudden Androck.

Op der Réckbänk gëtt et net iwwerdriwwe vill Plaz, mee dat ass och net d'Missioun vum Auto. De Shooting Brake bitt mat 455 Liter ronn 50 Liter méi Plaz an der Mall, an déi sinn duerch déi grouss Heckklapp vill méi einfach zougänglech ewéi bei der Limousine.

A wéi fiert sech den neien CLA Shooting Brake?
Mercedes bitt dräi elektresch Varianten un: den CLA 200 mat 224 Päerd, den CLA 250+ mat 272 Päerd an de CLA 350 4MATIC mat 354 Päerd. Ech konnt déi zwee méi staark Modeller op Mallorca fueren an den Ënnerscheed ass däitlech ze spieren. Den 250+ ass virun allem op Effizienz ausgeluecht, den 350 wierkt däitlech méi sprëtzeg an huet nach eng Kéier méi Drock beim Beschleunegen. Déi direkt Steierung, déi gutt Bremsen an dat gelongent Fuerwierk maachen aus dem CLA ee vun deenen Elektroautoen, déi ee gär duerch Kéieren beweegt.

Bei engem Elektroauto komme mer net ëm d‘Thema Batterie a Reechwäit. Wéi gesäit et domat aus?
Hei setzt Mercedes op 800-Volt-Technik an eng 85-kWh-Batterie, déi am 250+ fir bis zu 761 Kilometer Reechwäit duergoe sollen. Geluede gëtt mat bis zu 320 kW, wat ënner optimale Konditiounen iwwer 300 Kilometer Reechwäit an zéng Minutten erméiglecht. Dat mécht de CLA net nëmmen zu engem vun den effizientsten, mee och zu engem vun de séierst luedenden Elektroautoen a senger Klass.
Däi Fazit fält deemno zimmlech positiv aus…?
Mercedes setzt hei op e sportleche Kombi, dee méi praktesch wéi d’Limousine a méi dynamesch wéi vill SUVen ass. Fir mech ass en net nëmmen déi interessantst, mee och déi gelongenst Variant vum neie CLA. D'Präisser fänke bei 54.600 Euro un.

INTERNET: Mercedes-Benz CLA Shooting Brake
CRASHTEST: Mercedes-Benz CLA (2025)