Bei Kia ass de Moment ee richtegt Freedefeier amgaang, wat de Lancement vun neie Modeller betrëfft. Virun allem d'Elektrogamm gëtt bei de Koreaner de Moment massiv ausgebaut. Den neiste Worf ass gläichzäiteg och deen aktuell klengsten Elektro-Kia, den EV2. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Faro a Portugal mat dobäi.
Bei villen Autosmarken ass ee brauch- a virun allem bezuelbaren Elektroauto scho laang een Thema. Kia mécht elo Neel mat Käpp a bréngt tatsächlech en E-Auto fir ronn 25.000 Euro.

Den Design
Opposites united, esou nennt sech déi aktuell Design-Linn an un dëser orientéiert sech och den neien EV2. Natierlech ass et nees een SUV ginn, dës Kéier am B-Segment, wou sech och VW T-Cross, Renault Captur oder Toyota Yaris Cross beweegen. Den EV2 gläicht dann och senge grousse Bridder, trëtt trotz senge kompakte Moosse vu knapp iwwer 4m Längt an ronn 1m60 Héicht relativ imposant a bulleg op. Net feelen dierfen natierlech déi typesch Luuchtesignatur, grouss Rieder mat bis zu 19 Zoll a bündeg Diergrëffer.

Den Interieur
Kleng baussen, grouss bannen. D'Raumgefill am EV2 ass exzellent. Dat huet Kia mat engem relativ simpel gehalenen Tableau, grousse Fënsterflächen an engem frëndleche Mix aus Faarwen a Matièren erreecht.

Mee de Clou ass déi optional verréckelbar Réckbänk. Wéi scho fréier am Renault Twingo oder nach aktuell am Hyundai Inster kann een am klengen Elektro-Kia wielen, ob een hanne méi Plaz fir d'Knéien oder maximal 403 Liter fir d'Gepäck brauch. An der Praxis ass d'Resultat erstaunlech. Och ausgewuesse Mënsche kënnen am EV2 wierklech ganz bequeem reesen.

Op der Strooss
Elektromobilitéit fir jidderee soll net den totale Verzicht bedeiten. Déi topmodern E-GMP-Plattform kënnt mat 2 Batterië mat maximal 317 oder 453 km Autonomie, déi, esou Kia, och am Wanter net wäit soll erofgoen. Luede kann den EV2 mat maximal 118 kW um Gläichstroum, optional sinn um Wiesselstroum och 22 kW méiglech. Fir esou ee klengen Auto scho wierklech en héijen Niveau.

Och d’Fuerleeschtunge loosse mat 147 PS an eisen Testautoe kee Wonsch op. Wat immens erstaunt, dat sinn déi niddereg Fuergeräischer. Kia huet vill Opwand bedriwwen, fir mat Isolatiounen an Akustik-Glas de Kaméidi op e Minimum ze reduzéieren. Iwwerhaapt steet de Confort am Vierdergrond, well och a punkto Fiederung mécht de Kia säin Job gutt an erspuert senge Passagéier nawell vill Sënne vum Stroossebau.

Am Resumé
Nom éischte Kontakt gëtt et wierklech näischt um neien EV2 auszesetzen. An dat bescht kënnt nach: de Präis! Extra fir de Lancement start d'Basisversioun bei 22.490 Euro. An do ass schonn immens vill mat dran, wéi ënnert anerem eng ganz Rëtsch Assistenzsystemer, e groussen Infotainment an automatesch Klima. Fir 36.154 Euro kritt een den EV2 voll equipéiert mat der grousser Batterie.
Rechent ee bei der Basis d'Lëtzebuerger Prime vu 6.000 Euro of, dann ergëtt sech ee wierklech onschlagbare Startpräis vu 16.490 Euro! An domat net genuch: e relativ nidderegt Gewiicht an eng gutt Aerodynamik halen de Stroumverbrauch kleng... 13 – 17 kW-Stonnen ouni opzepasse si wierklech e gudde Wäert.
