Viru 75 Joer gouf d’Mark Seat gegrënnt, déi grouss Party a Form vun neie Modeller gëtt awer net geschmass.

25 Joer Leon

Fir de Jubiläum vum Leon ginn et nei Motore fir de kompakte Spuenier. A béide Karrosserieversiounen, also och am Leon Sportstourer kënnt ënnert anerem eng iwwerschaffte Versioun vun der eHybrid-Motorisatioun esouwéi en topmodernen Touchscreen fir den Infotainment.