Fir de Festival 2025 huet Nissan zwee Modeller aus senger SUV-Gamm renovéiert.

Zäit fir frësche Wand

Als éischten huet den Juke e klenge Facelift verpasst kritt. Dat sinn natierlech optesch Modifikatiounen mee awer och eng nei N-Sport-Versioun a Verbesserungen am Banneraum. De grousse Brudder Qashqai gouf nach e bësse méi grëndlech iwwerschafft. Besonnesch den Design ënnerscheet sech relativ staark vum Virgänger, bannendran goufen d’ Veraarbechtung an den Infotainment verbessert.