Genee wéi d’Konkurrenz “hybridiséiert” Kia lues a lues seng ganz Gamme

Star vum Festival

Deen am Fong eenzegen neien Auto ass den XCeed. Wéi den Numm et verréit, handelt et sech em d’Crossover-Versioun vum kompakte Ceed déi sech genee tëscht Stonic a Sportage placéiert. Typesch Offroad sinn natierlech déi vergréissert Buedemfräiheet an déi obligatoresch Plastiksapplikatiounen, en Hauch Eleganz bréngt déi coupé-änlech Silhouette.

Hybrid fir jiddereen

Gläichzäiteg lancéiert Kia als Première den XCeed PHEV. D’Plugin-Hybrid-Versioun iwwerhëlt d’Technik vum Kia Niro, ee 1600er Bensinner gekoppelt un ee 44,5 kW-E-Motor. Zesumme sinn dat 141 PS an eng elektresch Autonomie vu 60 km. Zweeten Hybrid am Bond ass de Ceed SW PHEV dee genee déi selwecht Motorisatioun iwwerhëlt. Un der Steckdous doheem kënnen d’Batterien an 3,5 Stonnen nees voll geluede ginn. ProCeed an XCeed ginn anengems als Mild-Hybrid MHEV lancéiert.