MG léisst sech net ophalen a vergréissert seng Gamm nach virun. A lant esouguer am Revéier vu Porsche a Co.

Back to the roots

MG, dat ware fréier mol ëmmer kleng sportlech Roadster, déi mat engem héighe Spassfacteur geseent waren – ma elo ass de Roadster zeréck an nennt sech Cyberster. An domat net genuch, et ass och nach deen éischte Serie-Roadster mat Elektroundriw. Ugebuede gëtt de Fligeldierer (!) mat 340 oder 510 PS, entweder hannen- oder allrad-gedriwwen.

Fir den Alldag

E klengen Auto mat topmoderner Technik, deen dem Polo Paroli bidde soll: hei kënnt den MG3. Säin Hybrid+-Undriw mat 195 kombinéierte PS bitt nawell Fuerspaass, de Verbrauch soll sech awer a Moossen halen. Typesch MG dann och de Rapport Präis-Leeschtung mat engem Startpräis vu ronn 20.000 Euro. Hybrid-Technik ass dann och bei den SUV-Modeller ZS an HS ugesot. Alle béid goufe vun enger neier Generatioun ofgeléist. Den ZS ass gewuess a bitt méi Plaz am Banneraum – ënnert dem Capot stécht den Undriw aus dem klenge Brudder MG3. Eng Kategorie doriwwer placéiert sech deen neien HS, deen, anescht wéi de klenge Brudder als Plugin-Hybrid kënnt. Eng Systemleeschtung vun 339 PS ass net vu schlechten Elteren, 103 reng elektresch Kilometer solle mat der 21,4 kWh-Batterie méiglech sinn.