All Joer een neie Modell – dee Plang goung net op. Dofir gouf awer elo dat neit Flaggschëff gewisen.

State of the Art

DS 9, méi wäert et an der DS-Gamm net ginn. Mam Topmodell wëll d’Luxusmark vu PSA weise wat se fäerdegbréngt. An dësem Fall ass et eng knapp 5 Meter laang Limousine, vollgepaakt mat Assistenzsystemer, neien Hybrid-Motorisatioune, Confort a luxuriéiser Finitioun. Fir de Festival ass den DS9 awer leider nach net ze gesinn.