Direkt duebel gouf den neie Ferrari aus der Gran Turismo-Kategorie bei eis am Land virgestallt.

Fir Genéisser

Den Zweesëtzer mat groussem Front-Mëttelmotor war nach ëmmer dee besonnesche Ferrari – esou trëtt och den 12Cilindri wierdeg d’Nofolleg vum 812 un. Ënnert dem opreegend gestylte Blechkleed stécht dofir och nees de legendäre V12, deen 830 PS leescht a bis 9500 Touren dréit.