Fir de Festival ass keen neie Modell virgesinn.

Komplettéiert
De 500e ass elo an alle Variatiounen ze kréien; sief et als Berline, als Cabrio oder an der Versioun “3+1” mat enger klenger Zousazdiir. Iwwer Succès brauch den elektresche 500er sech net ze bekloen; an Europa ass hien de Bestseller bei den E-Autoen. 500X Hybrid an Tipo Hybrid iwwerhuelen een 48 Volt Bordnetz an ee klengen Elektromotor dee beim Demarréieren a Bensinn spueren hëlleft.