
Nom BEV-Boom vum leschte Joer mécht Ford monter virun a presentéiert weider Modeller mat Elektroundriw.
Och am SUV
Wärend Puma a Kuga optesch an technesch eng Kéier komplett opgefrëscht goufen, steet virun allem mam neie Puma Gen-E en Highlight um Festival. De kompakten a beléiften SUV gëtt et nämlech elo och elektresch, mat bis zu 523 km maximal Autonomie. 168 PS un der viischter Achs suergen dat et virugeet, luede soll de Puma vun 10 op 80% a beschtefalls nëmmen 23 Minutten.
The Legend is back?
Ford ass kéng: huelen se dach net eng gutt bekannte Modellbezeechnung aus dem Tirang an nennen hiren neien E-SUV Coupé Capri. D’Basis kënnt vum Explorer, Motoren an Interieur sinn dohier identesch. D’Karosserie streckt sech awer nach emol an d'Längt, bitt méi Mall an eng Fënsterlinn, déi un de Coupé aus de 70er erënnere soll.
Elektresch a praktesch
Dat Ford sech bei den Utilitaire antëscht mat VW zesummegedoen huet, ass jo kee Geheimnis méi. Esou lancéieren se dann och mam E-Tourneo Custom an E-Tourneo Courier déi elektresch ugedriwwe Versioune vun hire Minivans. De grousse Custom soll maximal 325 km packen, de klenge Courier 288. Alle béid behalen natierlech hir praktesch Vocatioun, de Courier kritt esouguer e Frunk vu 44 Liter bäi, wärend de Custom och als Elektro mat maximal 8 Sëtzer ze kréien ass.