Bis op e klenge Facelift gouf et lescht Joer bei Honda net vill Neies, dofir kënnegt sech awer nach esou munches un.

Renovéiert

De Kompakt-SUV HR-V e:HEV krut e puer Modifikatioune mat op de Wee; engersäits liicht Retouche bannen a baussen esouwéi e verbesserte Fuerconfort.

Retour vun enger Ikon

Nieft Rumeure ronderëm eng méiglech Fusioun mat Nissan a vläit nach Mitsubishi, interesséiert Honda-Fans virun allem de méigleche Retour um europäesche Marché vum Prelude. Fir den hybrid-elektresch ugedriwwene Sport-Coupé gëtt besonnesche Fuerspaass duerch eng nei Schalt-Technik S+ Shift versprach. Ufank 2026 soll et esouwäit sinn, bis dohinner ass Gedold ugesot.