Nom Lancement vun der vollelektrescher Versioun kënnt den Avenger och als ICE.

BEV & ICE

Net nëmmen elektresch, mee och mat Internal Combustion Engine, kuerz ICE ass den Avenger neierdéngs ze kréien. An dat als Hybrid oder Bensinner, alle béid mat 100 PS. An engems gouf de B-SUV, wat de Confort ugeet, nach e bësse verbessert.

Opgefrëscht

Bei Renegade a Compass gouf et eng kleng Renovatioun. Fir eng besser Iwwersiicht huet Jeep d’Finitiounen an d’Motorisatiounen nei opgedeelt. Zeideg fir ee Facelift war och de Wrangler 4xe. Optesch gëtt et eng nei Kalander an een neie Bannendesign, technesch goufen den Infotainment, d’Assistenzsystemer an de Confort verbessert.