
Den neie GT war de Star vum leschte Joer, elo ass den Tour um GranCabrio.
Un der frëscher Loft
GranCabrio Folgore (italieenesch fir Blëtz), esou nennt sech ee vun deenen éischten elektresch ugedriwwene Cabrioen am Segment vun de Luxus-Sportsween. 3 Elektromotoreleeschten zesumme maximal 761 PS, domat ass de GranCabrio Folgore an 2,8 Sekonnen op 100. E bësse méi laang brauch mat 14 Sekonnen de klassesche Stoffdaach fir d’Ouverture, dat awer dann och iwwert dem Fuere bis maximal 50 km/Stonn. Maserati-Fans, déi de Sound vermëssen a Bensinn am Blutt hunn kënnen awer och nach de GranCabrio Trofeo mat engem 3-Liter V6 a 550 PS bestellen.
Maserati (Wierksfotoen)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies