Och Defender ass elo am “House of Brands” eng eege Mark. LandRover existéiert als Autosmark dogéint net méi.

Offroad-Luxus

Den neien Defender 130 Outbound ass ideal fir Fans vu Luxus a vill Plaz. 5 Passagéier a bis zu 2516 Liter kënnen an den extravaganten Defender geluede ginn. Passend dozou hieft sech och den Design vum Outbound vun deenen aneren Defender-Modeller of. Leider ass hien um Festival awer net ausgestallt.