Knapp 4 Joer hu mer näischt méi vun der italieenescher Traditiounsmark héieren. Elo huet de Stellantis-Grupp Lancia nees zum Liewen erwächt.

Do nees ufänken, wou et opgehal hat 

Deen éischte Lancia, deen ënnert Stellantis d’Luucht vun der Welt erbléckt, lauschtert nees op den Numm Ypsilon. Mat him soll virun allem an der Premium-Kategorie vum B-Segment Fouss gefaasst ginn. Proposéiert gëtt en als Hybrid oder elektresch, de Banneraum setzt e groussen Accent op Luxus.