Ponts et ChausséesBotz-Aktioun an den Tunnelle bis Enn Juni
D'Ponts et Chaussées huet matgedeelt, dass d'Tunnellen op den Autobunne gebotzt ginn. Ugefaange gouf e Méindeg den Owend am Tunnel Miersch a Saint-Esprit.
D’Botzaktioun wäert déi nächst Woche fir Stau a Chaos am Trafic suergen a soll bis Enn Juni daueren. Et gëtt och profitéiert, fir anengems Maintenanceaarbechten duerchzeféieren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi et am Communiqué heescht, ginn d’Aarbechte gréisstendeels nuets duerchgefouert, fir den Impakt op den Trafic sou kleng wéi méiglech ze halen. Betraff sinn am Ganze 25 Tunnellen, respektiv Wëldbrécken. D’Aarbechte solle bis Enn Juni daueren.
PDF: Wou a Wéini? D'Aarbechten am Iwwerbléck.