Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament e puer Projete vun autonomen Navetten. Ënnert anerem am Pafendall an zu Konter.

D’Mobilitéit, wéi mer se haut kennen, wäert dann och iergendwann eng Kéier verschwannen, esou d’Uni Lëtzebuerg. Méi a méi géif een nämlech a Richtung vun der Mobilitéit On-Demand goen, dat heescht, datt Gefierer op Opruff bereet stinn a personaliséiert Trajeten zréckleeën. Dat géif virun allem d’Liewensqualitéit vun de Leit verbesseren.

Autonom Navetten zirkuléieren hei am Land beispillsweis am Pafendall. Aus legale Grënn ass awer eng Persoun u Bord, déi am Noutfall intervenéiere kann. Autonom Navette brauchen dann och speziell Autorisatiounen, fir op den ëffentleche Stroossen ze fueren. Zënter Jore gëtt am Beräich vun autonome Shuttlen intensiv gefuerscht. De Gros vun de Verkéierszeenarie wieren technesch ofgedeckt, esou d’Uni Lëtzebuerg.

An d’Zukunft versprécht nach méi. Fuerscher schwätzen haut scho vu Mobilitéit On-Demand. Esou kéint ee sech virstellen, dass autonom Gefierer op Opruff bereet stinn a personaliséiert Trajete kënnen zréckleeën. Beispillsweis: ass ee fäerdeg op der Schaff, bestellt een d’Navett, fir heem ze fueren.

Méi a méi géifen Assistenz-Systemer an d’Gefierer integréiert ginn. Allerdéngs wiere se ëmmer méi komplex. An Zukunft géife se awer autonoomt Fueren op enger Autobunn erméiglechen. D’Uni Lëtzebuerg huet dann och een autonomen Auto, fir Recherchen ze maachen.

D’Mobilitéit On-Demand wäert deemno den Alldag vun de Leit veränneren an d’Liewensqualitéit verbesseren, esou nach d’Uni Lëtzebuerg.