Mobilisatioun via FacebookFir e Contournement vun Hesper an Alzeng

RTL Lëtzebuerg
Zanter Ufank Juni mobiliséiere Bierger vun Hesper an Alzeng op Facebook. De Grupp huet den Ament eng 730 Memberen.
VIDEO: Hesper an Alzeng: Bierger fuerdere Contournement
Op Facebook gëtt sech mobiliséiert. D’Lokalpolitik schléisst sech de Fuerderungen un. D’NOx-Wäerter wieren déi héchst am Land ...

Si fuerderen d’Politik op, endlech ze handelen. Datt de Contournement vun Hesper gebaut gëtt. 2004-2005, wei d’Pläng vum Ban de Gaasperech konkret goufen, ass och d’Diskussioun iwwer eng nei Strooss vum Houwald erof op Alzeng frësch op Toure komm. Konkret deet sech awer näischt ...

De Buergermeeschter vun Hesper, Marc Lies, erënnert op Nofro hin un eng Reunioun 2017 zu Réiser. Do hätten d’national Autoritéite 5 Varianten op den Dësch geluecht. Rieds goung du scho vun der néideger Consultation publique. Annerhallef Joer méi spéit géif och zu Hesper op der Gemeng weider op déi gewaart ginn.

Tëscht 11.000 a 17.000 Gefierer den Dag, jee no Etüd - d’Gaasperecher Strooss ass déi mat den héchsten NOx-Ofgaswäerter, also Stéckstoffdioxid-Wäerter, am Land. An de Problem géif sech net just op d’Haaptaxen duerch Hesper oder Alzeng beschränken. Och Izeg a Fenteng wiere betraff, bis a verschidde Wunnquartieren eran.

Bierger a Lokalpolitik fuerderen d’Regierung op ze handelen.

Back to Top
CIM LOGO