Wann een nom 1. Mäerz dat anert Joer en neien Auto umellt, gëllt och zu Lëtzebuerg fir all Won eng nei Prozedur, fir den CO2 ze rechnen.

Dat ass déi sougenannte WLTP-Prozedur (worldwide harmonized light duty test procedure). Si ass notamment d'Resultat vum Dieselskandal.

Si ass méi no un der Realitéit wéi d'NEDC-Norm, déi virum 1. September 2017 an zum Deel elo nach benotzt gëtt an, seet den Transportminister François Bausch, déi nei Prozedur suergt dofir, datt d'Consommateuren net méi ugeschmiert ginn a Saache Verbrauch.

D'Formel, fir d'Autossteier ze rechnen, bleift déi selwecht, an awer dierften d'Steiere fir all Gefier, dat nom 1. Mäerz ugemellt gëtt, méi héich sinn, well déi nei Prozedur méi präzis ass, vue datt se net méi just op Tester am Laboratoire baséiert, mä och op der Realitéit op der Strooss. Doduerch war de Spritverbrauch vum Consommateur dann och méi héich wéi dat, wat am Katalog versprach gouf, seet den Transportminister François Bausch.

AUDIO: Nei CO2-Norm / Rep. Dany Rasque (17.12.19)

Well d'Autosindustrie mat där aler Norm konnt fuddelen, gouf et an de Joren tëschent 2000 an 2018 zu Lëtzebuerg eng Diskrepanz tëscht der Norm an der Realitéit an Héicht vu 600 Milliounen Euro, wéi aus enger Statistik vun Transport and Environment ervirgeet. Mat där neier Prozedur dierft den CO2-Ausstouss tëscht 20 a 25 Prozent méi héich sinn wéi mat där aler Norm an deemno riskéiert och d'Autossteier méi deier ze gi fir nei Immatrikulatiounen nom 1. Mäerz.

Deemno sollt ee sech genee informéieren, wann een dat anert Joer wärend dem Autosfestival e Won keeft, ob en nach virum 1. Mäerz ugemellt gëtt oder net.

De Ministère mécht zesumme mat de Garagisten eng Campagne, a grad d'Garagisten hunn an dësem Fall eng grouss Responsabilitéit, fir hir Clienten opzeklären, esou de François Bausch.