An 3 Schichte gëtt deels ronderëm d'Auer geschafft. Den Ament ass de ganzen "Nord-Kapp" wéinst Aarbechten zou.

Et ass roueg op der Stater Gare. Ma ewéi op ville Plaze gëtt och hei d'Summervakanz, also déi Period, wou den ëffentlechen Transport mat am mannste frequentéiert gëtt, genotzt, fir ze schaffen. Aktuell ass de ganzen „Nord-Kapp“ vun der Gare zou. En neit Netz soll vum September u fir manner Stau op de Schinne suergen.

Eng Gare ouni Schinnen ass keen alldeeglecht Bild. Zanter Mëtt Juli ass et eng Paus fir de Eisebunnsverkéier op der Gare a Richtungen Norden a Musel. Déi nächst Zäit bleift et op der Gare méi oder manner roueg.

Ab dem 15. September wäerten d'Zich nees normal op der Nordstreck fueren. D'Zich a Richtung Waasserbëlleg si bis den 12. Dezember, also bis de Wiessel vum Fuerplang an d'Asetze vun den 2 neie Quaien, net a Betrib“, erkläert de Florent Puraye, Chef de Projet Gare Lëtzebuerg.

RTL

Zanter enger knapper Woche rullt et op d'mannst erëm bis an de Pafendall. Grond fir de Chantier sinn nei Gleiser.

De Projet gesäit vir, mat der Konstruktioun vun den 2 neie Quaien och 4 nei Gleiser bäizesetzen. Doduerch kritt ee méi Flexibilitéit am Zuchtrafic. Dat hëlleft am definitiven Exploitatiounskonzept, datt all Linn säi Quai zur Verfügung gestallt kritt. Doduerch gi Kräizungen op der Statter Gare op e Minimum reduzéiert an d'Enkpäss ginn zeréckgeschrauft“, sou nach de Florent Puraye.

De ganzen „Nord-Kapp“ vun der Gare gëtt nei amenagéiert fir, datt d'Zich zu de Spëtzenzäiten ouni Waardezäite besser laanschteneen ze kommen.

Och déi nei Passerell, déi Bouneweg mat den eenzele Garë verbënnt, kënnt gutt virun. Den 13. September gëtt dës gréisstendeels fäerdeg. Déi meescht Aktioune ginn den Ament gëtt awer am Nord-Tunnel. Schwéier virzestellen, datt hei an e puer Wochen nees Zich fueren.

Hei huet de Gleisbau ugefaangen. Déi gi vun Norden aus a Richtung Stad geluecht mat 2 Schinnekranen. D'Ekippe leeën aktuell déi eenzel Panneauen op d'Plaz an déi gi matenee verschrauft.“

An der Summervakanz d'nächst Joer ass dann de „Süd-Kapp“ an der Stad drun, vir datt de Süd-Nord-Korridor optimal a virun allem fléissend funktionéiere kann.

RTL