E Mann ass iwwerzeegt, dass säi Fils zu Onrecht geblëtzt gouf a beméit elo d'Dikrecher Policegeriicht, fir déi Fro ze klären.

D'N12 tëscht Groussbus an Eschduerf - um Léierhaff. Eng Plaz, wou no enger Rei schlëmmen Accidenter viru ronn dräi Joer e fixe Radar installéiert gouf. Am Dezember 2020 gëtt de Fils vum Gérard Koneczny hei geblëtzt. Obwuel deen d'Faiten net kontestéiert, reklaméiert hie géint den Avertissement Taxé.

Säi Papp, e pensionéierte Mataarbechter vu Ponts et Chaussées, huet d'Situatioun um Léierhaff ganz penibel analyséiert. An dobäi sinn him e puer Ongereimtheeten opgefall. Hien ass iwwerzeegt, dass d'70er-Schëlter net esou opgeriicht goufen, wéi et am entspriechende Règlement grand-ducal steet. Am Reglement ass eng 70er-Zon vu ronn 700 Meter virgesinn. A Wierklechkeet stinn d'Schëlter awer knapp 1000 Meter auserneen, huet de Mann nogemooss. Seng Conclusioun: de Radar géif op enger Plaz blëtzen, wou 70 offiziell nach guer net gëlle géif.

Ofwäichunge vum generellen Tempo 90 ginn an engem Règlement grand-ducal quasi op de Meter genee definéiert. De Gérard Koneczny stéiert sech awer un enger bestëmmter Dispositioun an dësem Text. An zwar wär dat Reglement urgent, domadder entfält den Avis vum Staatsrot. Dës Urgence kann den Här Koneczny net novollzéien. Säin Argument: d'Reglement ass esou net valabel, domadder entfält déi legal Basis fir d'Vitesslimitatioun, also ka säi Fils och net bestrooft ginn.

Ob dës Iwwerleeungen oder aner Grënn den Ausschlag ginn hunn, wësse mir net. Mä den Dikrecher Parquet huet d'Affär Ufank vum Mount provisoresch an ouni Suitte klasséiert. Fir de Gérard Koneczny war dat en "Fräisproch zweeter Klass", wéi hie seet: "Si fänken eppes un, a wa se gesinn, dass se falsch leien, halen se einfach op domadder. Dat geet an engem Rechtsstaat net!" No sengem Asproch kënnt d'Affär elo awer virun d'Dikrecher Policegeriicht. De Gérard Koneczny hofft, dass hien do seng juristesch Bedenke géint d'Reglement virdroe kann. A seng Zweiwel dorunner, dass dee Modell vu Radaren, deen hei am Land agesat gëtt, iwwerhaapt legal ass. Dës Radare späicheren nämlech nëmmen d'Foto, also d'Resultat vun der Miessung, ouni déi sougenannten "Rohdaten". Him als Inculpéierte géif esou d'Méiglechkeet geholl ginn, z'iwwerpréiwen, ob net e Feeler bei der Miessung zu engem falsche Resultat gefouert huet.

Den zoustännegen Transportministère wëll sech zum konkrete Fall net äusseren, well d'Affär vu Geriicht nach net ofgeschloss ass, verweist awer op zwou parlamentaresch Froen, wou een am Detail explizéiert hätt, dass d'Radaren an de Betrib dovunner konform mat der Legislatioun wären.

De Gérard Koneczny ass optimistesch, dass säi Bouf fräigesprach gëtt an esou eng wichteg Jurisprudenz geschaaft kéint ginn.