Vun e Sonndeg unVerännerungen am ëffentlechen Transport: RGTR-Linne kréien nei Nummeren
De 17. Juli start déi leschte Phas vun der Reorganisatioun vum RGTR, dat mat neien Nummeréierungen op all de Linnen.
E Sonndeg kënnt et zu dem leschte grousse Changement bei der Reorganisatioun vum RGTR (Régime Général des Transports Routiers). Dës Linne verbannen u sech all d’Lëtzebuerger a verschidde Grenzregioune mateneen.
Mam leschte Schratt vun der Reorganisatioun wäerten d’Nummeren op alle Busser vum RGTR changéieren. All Zuel kritt mat dësem Changement eng spezifesch Funktioun an Erklärung. Donieft goufen och verschidde Linnen adaptéiert an aner Linne si bäikomm.
Esou steet déi éischten Zuel vun der Linn fir d’Haaptachs un, déi de Bus wäert huelen:
- 1XX : Norden
- 2XX : Osten (Iechternach)
- 3XX : Osten (Waasserbëlleg)
- 4XX : Osten (Réimech)
- 5XX : Süden (Diddenuewen)
- 6XX : Süden (Esch/Uelzecht)
- 7XX : Süden (Péiteng)
- 8XX : Westen (Stengefort)
- 9XX : Westen (Réiden)
Déi zweet Zuel gëtt un, wéi eng Aart vu Bus et ass.
- X0X: Steet fir d’Expresslinnen op den Haaptachsen a fueren déi wichtegst Zentre mat der Stad oder der Nordstad verbannen. Dës Linne bleiwen u sech just ee Mol pro Uertschaft stoen.
- X1X: Sinn déi primär regional Linnen an op den Haaptlinnen op enger Achs am Asaz. Si bedéngen all d’Busarrêten op där Streck a verbannen d’Regioune mateneen.
- X2X: Sinn déi secondär Linnen an hunn de selwechten Zweck, wéi d’Primärlinnen. Just fuere si dacks net bis op d’Endzil vun där Achs.
- X5X: Steet fir Queeschverbindungen. Si verbanne wichteg Zentere vun de verschiddene Regiounen, ouni awer duerch d’Stad Lëtzebuerg ze fueren.
- X3X – X4X – X6X – X7X – X8X – X9X: Si lokal Linnen, déi ländlech Regioune mat engem oder méi wichtegen Zentere matenee verbannen.
D’Verännerunge bei de Schoulbusse wäerten zu engem spéideren Zäitpunkt publizéiert ginn.
LINK: Tabell mat den neien an alen Nummere vun den RGTR-Linnen