
Domat ass et dee fixe Radar, dee bei wäitem am heefegste geblëtzt huet.
Hannendrun op Plaz 2 kënnt de Radar zu Schieren. Deen huet ëmmerhin nach ronn 39.500 Mol geblëtzt (46,62% manner wéi am Tunnel Markusbierg).

Déi fix Radaren hunn 2022 alles an allem 215.622 Mol ausgeléist, sou dass en Avertissement taxé huet mussen ausgestallt ginn, bei deenen entweder 49 € Strof fälleg waren oder 145 Euro + 2 Punkten.
Dobäi kommen dann nach 15.179 Fäll, an deen et zu engem PV koum, deemno e Procès-verbal, an net ëm en AT (Avertissement taxé).
Nieft de fixe Radare war d’Police awer och fläisseg mat de mobile Radaren ënnerwee. Am Beräich vum AT goufen et zejoert 90.421 Fäll ze notéieren. Dobäi kommen dann nach 1.824 Fäll, an deenen e PV geschriwwe gouf.
Am Joer 2021 goufen et 156.038 Fäll, an deenen en AT iwwer 49€ geschriwwe gouf, deemno vill manner wéi 2022.
A 5.856 Fäll waren 149€ an 2 Punkte fälleg, deemno e PV. Och dat ass just een Drëttel vun deem, wat 2022 u Strofe gesprach gouf.

Wann déi gemoosse Vitess tëscht 25 an 100 km/h läit, gëtt eng Toleranz vun 3 km/h applizéiert.
Wann déi gemoosse Vitess iwwer 100 km/h läit, gëllt eng Toleranz vun 3%.