11 Méint laang war d'Streck tëscht der Diddenuewener Strooss an dem Rond-point Gluck fir den Trafic gespaart.

Zanter e Sonndeg ass de Rangwee nees fir de Verkéier op. Och d'Verbindung tëschent dem neie Boulevard de Kyiv an dem genannte Rond-point ass nees fir den Trafic op. Am Kader vun der Arrivée vum Tram deplacéiere sech d'Reamenagementsaarbechten dann an d'Rue des Scillas op den Houwald, dës Strooss wäert fir eng Zäit zur Sakgaass ginn.