
© RTL-Archiv
De Prof. Dr. Florian Hertweck vun der Uni Lëtzebuerg fënnt et ongesond, wann Autoe mat 50 duerch d'Stied fueren.
Spéitstens zanter deem schroen Accident leschte Méindeg am Neiduerf mat dräi Doudegen gëtt zu Lëtzebuerg driwwer diskutéiert, ob d'Vitesse an deene meeschte Stroossen an der Stad op 30 amplaz op 50 Kilometer an der Stonn limitéiert soll ginn. Dofir schwätzt sech zum Beispill d'Sécurité routière aus. Ma och aus Deeler vun der Wëssenschaft kënnt des Fuerderung. Fir den Architekt a "Städteplaner" Prof. Dr. Florian Hertweck wier esou eng Limitatioun aus e puer Grënn sënnvoll.
"Auf jeden Fall die Geschwindigkeit auf 30 begrenzen, das ist aber wenn Sie über die Grenze fahren und fahren in eine französische Gemeinde, da ist es immer 30. In vielen deutschen Gemeinden ist das auch schon der Fall. Ich selber lebe in Differdingen, wenn Sie da mit den Kindern auf dem engen Bürgersteig zur Schule gehen und daneben fahren die Autos mit 50 entlang, das ist ungesund. Das verträgt sich nicht, wegen der Luftverschmutzung allein schon macht es Sinn."
Senger Meenung no géing genee esou wéineg derfir schwätzen a Stied eng Vitesse vu 50 Kilometer an der Stonn ze erlaben, wéi op verschiddenen däitschen Autobunnen op eng Vitesslimitatioun ze verzichten. Am Journal op der Tëlee kënnt Dir den Owend ee längere Reportage zum Thema "Zukunft vu Wunnen a Mobilitéit" zu Lëtzebuerg gesinn.