Iwwerdeem an der Äifel äifreg an den Zuch investéiert gëtt, huet an der Belscher Provënz Lëtzebuerg e politescht Aarmdrécken ugefaangen.

Dat fir iwwerhaapt nees Zich op d'Schinnen ze kréien. D'Regioun vu Kyllburg an der Äifel. Dat historescht Héichwaasser am Summer 2021 hat do 15 Kilometer Streck, dorënner 3 Brécke vun der Äifelstreck, uerg beschiedegt. Nach ëmmer ass d'Gare vu Kyllburg den Terminus fir d'Zich, déi vun Tréier kommen. Net méi fir laang. Enn vun dësem Joer soll d'Streck tëscht Musel a Rhäin nees opgoen. Da wäerten déi lescht 100 Kilometer och elektrifizéiert ginn.

D'Modernisatioun vun der Äifelstreck wäert mat sech bréngen, datt den Trajet tëscht Tréier a Köln op zwou an eng hallef Stonne wäert erofgoen, ouni ëmzesteigen.

860 Milliounen Euro Investéieren d'Bundesregierung an d'Länder an déi 160 Kilometer u Gleiser, fir datt d'Zich vu spéitstens 2027 un tëscht Porta Nigra a Kölner-Doum eng hallef Stonn méi séier fueren. Zu Kyllburg erhofft ee sech da méi Touristen, déi Bunn, Vëlo an Natur verbannen.

A grad dofir war e Méindeg eng Delegatioun aus der belscher Provënz Lëtzebuerg op Visitt an der Äifel. D'Vëlosstreck, de Ravel, wéi eis Belsch Nopere soen, geet nämlech duerch d'Äifel, d'Nord-Spëtzt vu Lëtzebuerg, bis op Baaschtnech. Vun do aus soll d'europäescht Vëlosnetz weider iwwer déi al Zuchstreck bis op Libramont verlängert ginn. Dat stéisst op belscher Säit awer op Widderstand. Zu Baaschtnech fuerdere se, net den Zuch duerch de Vëlo ze ersetzen, ma an der Äifel Zuch a Vëlo parallel lafen ze loossen.

De Buergermeeschter vu Baaschtnech wëll souguer méi wäit goen an net just nees d'Linne reaniméieren, déi vu Libramont bis a seng 16.000 Awunnerstaat féiert. De Benoit Lutgen wëll laangfristeg mam Zuch bis op Wolz. Dofir misst awer fir d'éischt an der Belsch emol d'Streck vu Libramont bis op Baaschtnech nees a Betrib opgeholl ginn. An der Belscher Provënz Lëtzebuerg huet an deem Sënn dat politescht Aarmdrécken ugefaangen.