Fir d'Lëtzebuerger Spideeler schéngt et relativ eendeiteg ze sinn - et geet kee Wee méi laanscht d'Kënschtlech Intelligenz.

Et gi vill Beräicher, an deenen déi Kënschtlech Intelligenz elo schonn eng grouss Hëllef ass. Services clients benotze KI-baséiert Chatbots, an och do, wou grouss Datesäz verschafft ginn - wéi zum Beispill an der Finanzbranche - kënnt d'KI reegelméisseg an den Asaz. Ma a wéi wäit gëtt déi nei Technologie zu Lëtzebuerg an de Spideeler agesat? A wéi wäert sech dat an Zukunft weiderentwéckelen?

Aus dem Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) kënnt op déi Fro eng ganz eendeiteg Äntwert: "D'Kënschtlech Intelligenz breet sech ëmmer méi aus an esou schéngt et eis bal sécher, datt den Asaz vun der KI an noer Zukunft keng Optioun méi wäert sinn, ma eng Flicht - jo, souguer eng Verflichtung am Sënn vum Beruffskodex a vum Medezin-Gesetz."

Bei de Spideeler nogefrot: Wou gëtt d'KI schonn agesat?

Am CHEM gëtt déi Kënschtlech Intelligenz elo zanter e puer Méint speziell am Beräich vun der Imagerie médicale genotzt, wou se dann och ee grousse Succès wier. Et géif de Radiologen zum Beispill beim Entdecke vu Bréch eng Hëllefsstellung ginn. "Et ass allerdéngs wichteg ze betounen, datt et sech heibäi just ëm eng Léisung handelt, déi d'Urteel vum Radiolog ënnerstëtzt, ouni jeemools seng Entscheedung ze beanträchtegen oder ze ersetzen", heescht et vum CHEM. D'Urteel vum Dokter wier weiderhin am Mëttelpunkt vu medezineschen a klineschen Decisiounen.

Ganz änlech kléngt et och beim Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu Ettelbréck. Mat der Kënschtlecher Intelligenz kéinte sech Krankheetsverleef deelweis viraussoe loossen, zum Beispill bei Häerzpatienten. Ma och fir eng grëndlech Diagnostik wier déi nei Technologie nëtzlech. Wéi och beim CHEM wier et awer och beim CHdN ëmmer just een Appui fir d'Dokteren, a géif ni eng klassesch Diagnos ersetze kënnen.

Béid Spideeler soen, d'Ännerunge wiere bis ewell vum Gesondheetspersonal ganz gutt ugeholl ginn. D'Léisunge wiere virdrun aus engem klinesche Point de vue analyséiert ginn, an och Froe vun der Ethik a vum Dateschutz hätt een am Virfeld ënner d'Lupp geholl. Aus dem CHdN heescht et, Etüden hätte gewisen, datt d'Doktere vum Asaz vun der KI iwwerzeegt wieren, sech awer dacks nach ee méi prezisen Training domat géife wënschen. Dem Dr Briganti no, KI-Expert am CHdN, wier och nach positiv ervirzehiewen, datt d'KI d'Dokteren och bei administrativen Tâchë kéint ënnerstëtzen, esou datt si méi Zäit fir d'Patienten hätten.

Och vun den Hôpitaux Robert Schuman heescht et iwwregens, d'Kënschtlech Intelligent géif aktuell virop an der Radiologie an den Asaz kommen, dat virun allem bei der Auswäertung vu Biller. Ma och aner méiglech Piste fir d'Notzung vu KI géif een evaluéieren. Administrativ Demarchë kéint déi nei Technologie zum Beispill duerch d'Veraarbechtung vu Texter, ma och bei Iwwersetzungen, der Dokumentatioun oder fir eng séier Recherche iwwer intern Datebanke méi einfach maachen.

"Och Entwécklunge wéi "ambient listening" fir eng automatesch Dokumentatioun, genee wéi KI-baséiert Warn- an Ënnerstëtzungssystemer hale mir opmierksam am An", heescht et vum Presseservice vun der Spidolsgrupp. Ënner "ambient listening" versteet een eng KI-Technologie, déi an engem medezinesche Setting d'Gespréich tëscht Dokter a Patient matlauschtere kann, an dann automatesch klinesch Notizze mécht.

Zil vun all neier Technologie ass et, den Hôpitaux Robert Schuman no, d'"Mataarbechter ze entlaaschten a Prozesser méi effizient ze gestalten". Trotzdeem: wéi de CHEM an den CHdN gesäit och d'Spidolsgrupp den Ament nach keng Alternativ dozou, KI-Informatiounen duerch Fachpersonal iwwerpréiwen ze loossen.

Beim Benotze vu KI-Technologië géif streng op Dateschutz- an IT-Sécherheet opgepasst ginn. Wou d'KI a Kontakt mat Patientendate géif kommen, géif dat just ënner "streng gereegelte Bedéngungen" geschéien, wéi zum Beispill a verschiddene Fuerschungsprojeten. "Esou Fuerschungsprojete begleede mir am Kader vun etabléierte Partnerschaften - zum Beispill mam Luxembourg Insitute of Health (LIH) - an ëmmer ënnert der Opsiicht vun der nationaler Ethikommissioun CNER."

Et ass een den Ament en enger entscheedender Phas - d'KI-Technologie entwéckelt sech rasant weider. Däers ass sech och d'"Federation des Hôpitaux Luxembourgeois" bewosst. Déi huet aus deem Grond viru kuerzem och eng speziell Aarbechtsgrupp ageriicht. Där hir Aufgab ass et, d'Spideeler am Land bei dem "verantwortungsvollen a kontrolléierten Asaz vu KI-Tools ze ënnerstëtzen", esou de CHEM.

Am Kader vun der Healthcare Week de 7. an 8. Oktober wäert et zu Lëtzebuerg dann och Konferenzen zum Theema "Kënschtlech Intelligenz a Spideeler" ginn.