Ponts & Chaussées
Maintenanceaarbechten an den Tunnellen
27 Autobunn-Tunnelle ginn et zu Lëtzebuerg, déi vun de Ponts & Chaussées geréiert ginn. All 6 Méint musse Maintenance- a Botzaarbechten hei gemaach ginn.
Sou verlaangt et eng EU Direktiv. E Méindeg hunn dës Maintenanceaarbechten am Markusbiergtunnel ugefaangen. Dësen Tunnel gëtt et zanter 2003. Wärend den Entretiensaarbechte gëtt den Trafic duerch een Tüb bidirektional gefouert.
Am Oktober kennt dann eng spezialiséiert Firma aus der Schwäiz. Si wäert da wärend 2 Wochen déi eenzel Tunnelle botzen.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies