
Iwwer all d'Reseauen zesummen – also Zuch, Bus an Tram – goufen d'lescht Joer méi wéi 1.100 Aggressiounen enregistréiert. Dozou zielt d'Personal op alle Reseauen an och Aggressiounen tëschent Drëtter. 533 Aggressioune si géint Agenten vum ëffentlechen Transport gaangen. An am heefegsten huet d'Personal vun der Eisebunn Aggressioune géint Mataarbechter verzeechent. Dat waren der 284 am Joer 2025.
Déi meescht dovunner ware verbal. 39 Mol ass et awer och zu kierperlechen Ugrëffer komm.
Den Nabil Gharnouti an de Gregory Vansdeene sinn zwee Sécherheetsagenten, déi reegelméisseg an den Zich matfueren. Si si gutt ze erkennen un hire giele Jacketten. Zanter méi wéi 10 Joer ass externt Sécherheetspersonal op den nationale Linne mat ënnerwee.
D'lescht Joer sinn d'Faarten un deene si matfuere vun 12 op 14 Prozent erhéicht ginn. Dat ass ongeféier all siwenten Zuch. Hir Aufgabe ass et, den Zuchbegleeder ze assistéieren. Si weise Präsenz an deeskaléieren a kritesche Situatiounen. "Mir hunn heiansdo Leit déi schlofen, staark alkoholiséiert sinn oder sech aggressiv verhalen“, erzielt den Nabil Gharnout. "Da probéiere mir d'Situatioun roueg ze halen."
Si däerfe just mat de Leit schwätzen. Si dierfe net physesch intervenéieren. "Allgemeng berouege sech d'Leit schonn, wann si gesinn, dass Agente kommen. Et funktionéiert ëmmer wann een den Dialog sicht.", seet den Nabil Gharnout.
D'Decisioun, ob ee Passagéier däerf am Zuch bleiwen oder muss erausgoen, hëlt ëmmer de "Personnel d’Accompagnement des trains“ – also d'Zuchbegleeder. Wann ee Passagéier sech net géif berouege loossen an den Zuch net fräiwëlleg verloossen wëll, kann dëse sech dozou entscheeden, d'Police ze ruffen.
Nieft de Sécherheetsagente setzt d'Eisebunn op Policepresenz a Form vu reegelméissege Patrullen.
Am Reportage begleede mir och zwou esou Policepatrullen op der Linn a Richtung Süden. D'Beamte sinn ëmmer zu zwee ënnerwee. Bei Duebeldecker-Zich brauche si souguer zwou Ekippen, fir béid Stäck gläichzäiteg ze kontrolléieren. D'Kontroll, déi mir begleet hunn, huet sech géint allgemeng Kriminalitéit, Drogenhandel an irregulär Immigratioun gericht. Op esou enger Patrulle kënne sech all méiglech Zenarien ofspillen, wéi de Chefkommissäre Patrick Strauch erkläert:"Dat ka vun engem einfache Protokoll bis zu engem internationale Haftbefeel goen.“
All Mount ginn esou Kontrollen um nationale Reseau organiséiert. Heefeg op Faarten, déi vum CFL-Personal als sensibel agestuuft ginn. D'Zil wier net nëmme Strofdoten opzedecken, mee och d'Sécherheetsgefill bei de Passagéier an dem Personal ze stäerken.
Nieft der mënschlecher Präsenz setzt d'Eisebunn och op eng Infrastruktur, déi d'Sécherheetsgefill soll ënnerstëtzen. Dozou zielt, dass et keng däischter Ecken op zum Beispill de Gare soll ginn, awer och Video-Surveillance. E weidere Pilier ass d'Sensibiliséierung a Form vun zum Beispill Campagnen. Nieft der aktueller Respekt-Campagne, leeft och eng Campagne géint Gewalt am ëffentlechen Transport.