Trageschen Tëschefall zu NidderkuerJonke Mann gouf vun Zuch déidlech erfaasst

RTL Lëtzebuerg
Fir déi genee Ëmstänn ze klären, huet de Stater Parquet Ermëttlungen ageleet an eng Obduktioun ordonéiert.
© Envato Leungchopan

Géint 5 Auer en Donneschdeg de Moie koum et zu engem déidlechen Tëschefall op der Gare zu Nidderkuer. E jonke Mann gouf hei vun engem Zuch erfaasst am ass kuerz drop u senge Blessure gestuerwen.

Fir déi genee Ëmstänn ze klären, huet de Stater Parquet Ermëttlungen ageleet an eng Obduktioun ordonéiert. D’Spueresécherung war op der Plaz.

Op Grond vun dësem Tëschefall haten d’CFL dann och kuerz viru 6.30 Auer matgedeelt, datt wéinst engem “Tëschefall, deen den Asaz vun de Rettungsdéngschter zu Nidderkuer erfuerdert, den Zuchtrafic op der Linn 60 tëscht Esch-Uelzecht a Péiteng a béid Richtungen ënnerbrach” gi war. Fir datt d’Passagéier trotzdeem un hiert Zil kommen, waren Ersatzbusser agesat ginn.

Kuerz virun 9.30 Auer hunn d’CFL du matgedeelt, datt no der Interventioun den Zuchverkéier op der Streck tëscht Esch-Uelzecht a Péiteng fir 10 Auer nees lues opgeholl gëtt. Trotzdeem kann et op der Linn 60 weiderhin zu Retarden oder Annulatioune kommen.

Informatiounen iwwer d’Fuerpläng a weider Detailer fannt Dir um Site vun den CFL oder an der App.

Back to Top
CIM LOGO