Lëtzebuerger Staat huet ronn 2.300 Gefierer a sengem Fuerpark

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an den däitsche Kanzler Olaf Scholz virun engem Déngschtauto ma Lëtzebuerger Fändel. / © SIP / Julien Warnand (Archiv)
Vun dësen Autoe si ronn 88 Prozent nach reng Bensinner oder Dieselen.
Och de Staat ass vill mat Déngschtween, Camionen a Camionnetten ënnerwee an huet duerfir aktuell ronn 2.300 Gefierer a sengem Fuerpark. Dovunner sinn awer nëmmen eng 300 Ween elektresch ugedriwwe respektiv sinn e Plug-In-Hybrid-Modell, sou datt de Staat zu knapp 88% nach mat Bensinn an Diesel ënnerwee ass.
Vill Autoe kaschten de Staat och vill Suen: sou hunn d'Käschte fir nei Ween an d'Exploitatioun dovunner zejoert fir ronn 25 Ministèren a Verwaltunge knapp 23 Milliounen ausgemaach.
All Joer verkeeft de Staat awer och al Ween - zejoert waren dat der eng 150, déi an der Moyenne 13 Joer laang gefuer gi sinn.
2023 goufen och 180 Déngschtween nei immatrikuléiert, ronn en Drëttel dovu sinn zu 100% elektresch. De Ministere sti 15 Autoen zur Dispositioun, dovunner sinn der 13 Hybrid-Modeller, déi an der Moyenne eng 290 PS hunn. De Fuerpark vun der Regierung huet awer nëmmen ee rengen elektreschen Auto, well et ënner anerem aus Sécherheetsgrënn net méiglech ass, déi komplett Flott op E-Autoen ëmzestellen.
D'Enveloppe fir e Ministerauto läit bei ronn 95.000 Euro fir e Plug-In-Hybrid, woubäi fir d'Ministere Frieden a Bettel dee Seuil bei 117.000 Euro fir dee selwechte Modell läit.
Dës Informatiounen iwwer d'Staatsautoe liwwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.