Vum Juli u kënnt et zu Ännerunge bei den neien Autoen, déi an der EU verkaf dierfe ginn. Dës kréien e System, deen d'Vitess am Bléck soll hunn.

Dësen neie System soll dauerhaft d'Vitess vum Gefier am Bléck behalen an déi mat der Vitesslimitatioun vergläichen. D'Limitatioun gëtt duerch eng Kombinatioun vu GPS an enger installéierter Kamera agefaangen. Sollt de Chauffer da méi séier fueren, wéi dat, wat hien de Schëlder no dierft, wäert den Auto eng Warnung ausstoussen, dat entweder mat engem Toun oder mat engem Blénken.

Bei där Warnung sollt et awer net bleiwen. Sollt de Chauffer dëst ignoréieren, kann den automatiséierte "Copilot" d'Vitess vum Auto selwer duerch d'Limitéiere vun de PS vum Auto oder d'Resistenz vun der Gaspedall upassen, esou schreift dat franséischt Magazin "Auto Plus", deenen no een dësen Assistent awer och ausschalten oder wärend dem Fueren ëmgoe kann.