Fir den CR119 tëscht der N11 an dem Stafelter gëtt et keen neie Moment, heescht et op Nofro. D'LSAP fuerdert iwwerdeems en Enn vum "Etüde-Gepléischters".

Busspuer, Passerell, Reamenagement – wou si mer drun? E Mëttwoch, den 19. Juni hat RTL en Update iwwer e puer méi grouss Infrastruktur-Projete fir d'Iechternacher Stréck publizéiert. Zanter Jore sti se ewell um Ordre du jour, ma nach ëmmer si se am Stadium vun den Etüden – egal ob d'Buspuer vu Gonnereng bis op de Waldhaff respektiv den Echangeur Nordstrooss, d'Passerell fir Vëlosfuerer a Foussgänger a Form vun engem "Baumwipfelpfad" op Héicht vum Depot vu Ponts & Chaussées oder den Zeréckbau vun der aler N11 matten duerch Jonglënster: Et gëtt nach dru geschafft a wat wéini kéint kommen, ass och no en ettleche Joren nach alles anescht ewéi kloer.

Eng weider Fro, déi sech am Kontext vun der Iechternacher Streck stellt, ass d'Zukunft vum CR119, méi genee vum Tronçon tëscht der N11 (kuerz hannert Dummeldeng) an dem Stafelter (Kräizung tëscht dem CR119 an dem CR126). Den CR126 geet vum Walferbierg bis op Sennengerbierg an dat via de Stafelter an de Waldhaff. 2014 haten den deemolege Minister François Bausch an den deemolege Staatssekretär Camille Gira annoncéiert, en Deel vum CR119 zouzemaachen, als Kompensatiounsmesure fir d'Nordstrooss duerch de Gréngewald. Dee Virschlag war sengerzäit ganz ëmstridden.

Op Nofro hi confirméiert eis den zoustännege Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten elo am Juni 2024, datt et an deem Dossier keen neien Ament gëtt: "D’Strooss fir de Verkéier ze spären ass awer net vum Dësch."

RTL

Aus Dummeldeng erfort vun der N11 iwwer den CR119 direkt op de Stafelter ze fueren (oder ëmgedréit), dat soll iergend eng Kéier net méi méiglech sinn. Dat géif dann nach just iwwer de Waldhaff goen. / © Domingos Oliveira

Datt den CR119 sollt zougemaach ginn, hat fir ganz vill Reaktioune gesuergt. Nach 2019 hat deen dunn zoustännege Minister François Bausch berouegt. Et géif nach ëmmer dat gëlle vu viru 4 Joer (also vun 2014/2015): Fir d'éischt soll eng Afädelungsspuer um Waldhaff gebaut ginn, wann ee vum Stafelter erfort kënnt (also um CR126). Um Waldhaff soll eng luuchtegesteiert Kräizung entstoen an et soll eng Busspuer tëscht Lënster an dem Kierchbierg kommen. Eréischt da kéint een testen, fir den CR119 zouzemaachen.

Zitat aus dem Joer 2019: D'Ëmbauaarbechten um Waldhaff "fänke fréistens Enn 2020/Ugangs 2021 un, mat enger Bauzäit vun engem Joer. Dat heescht, virun 2022 geschitt näischt um CR119." Et wär och ofgemaach ginn, datt fir d'éischt eng Testphas gemaach gëtt vun engem Joer, fir ze beweisen, datt mat all den Ëmbauaarbechten dat gutt leeft an een den CR119 net méi brauch, esou de François Bausch 2019 géintiwwer RTL.

Zanter der éischter Annonce an haut si mëttlerweil zéng Joer vergaangen, ouni datt eppes mam CR119 geschitt oder eppes getest gi wier: De Verkéier rullt do eemol wéi d'anert Mol.

Mam Tram op Iechternach?

Eng aner Iddi, ëm déi et an de leschte Joren nees roueg ginn ass, war déi vun engem séieren Tram Richtung Iechternach. Si war am Waljoer 2018 opkomm. Deen Tram kéint vun der Tram-Verlängerung bis op de Findel profitéieren, housch et, fir da vum Waldhaff iwwer Jonglënster bis op Iechternach ze fueren.

Den DP-Deputéierte Gilles Baum hat sech fir de Projet vun engem séieren Tram an den Oste staark gemaach. Et wier en "Zukunftsprojet", awer een, deen ee "relativ séier" kéint ëmsetzen. Dat war 2018. Aktuell geet awer just nach vun engem séieren Tram vun der Stad op Esch rieds.

E Video aus dem Juli 2018

Datt den ëffentlechen Transport am Oste vum Land awer en Theema bleift, beweist och e Communiqué vun der LSAP-Oste vum 19. Juni, also vun deem Dag, wéi RTL en Update iwwer d'Projete fir d'N11 publizéiert huet. Ënnert der Iwwerschrëft "Es fährt ein Bus nach nirgendwo" fuerderen d'Ost-Sozialisten en Ausbau vum Busreseau a konstatéiere pessimistesch, datt de Staat et wuel net fäerdegbréngt, eng Busspuer op der N11 ze realiséieren, se wier jo eng "absolut Prioritéit" gewiescht an d'Aarbechten hätten ewell 2018 sollen ufänken: "Mir stelle fest, dass dës Busspuer wuel ni wäert kommen."

D'LSAP fuerdert dann och e "Schluss mam Etüde-Gepléischters" a verlaangert "endlech Verbesserungen an e richtegt Mobilitéitskonzept fir de ganzen Oste vum Land".