Déi aktuell Diesel-Flott soll domat bis 2030 komplett duerch eng Flott vun Elektro-Bussen ersat ginn.

700 Milliounen Euro - dat ass de Budget, fir d'CFL Bus-Flott vun 2025 un fir 10 Joer ze bedreiwen. Domat soll och déi aktuell Diesel-Flott bis 2030 komplett duerch eng Flott vun Elektro-Bussen ersat ginn.

Ronn 700 Milliounen Euro – dat ass de Budget fir d'CFL Bus-Servicer, deen en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt gouf. An och déi noutwenneg Infrastruktur fir ze lueden, ze bauen. De Budget fir den Entretien geet am Verglach mat der Diesel-Flott ëm 25 Prozent an d’Luucht, well een de Wiessel vun de Batterien virgesäit. An deem Budget, sinn all d'Käschte fir d'Bedreiwe vun der Flott mat abegraff, also och d'Salairë vun de Mataarbechter.

An deem Kontext huet d’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes gesot, si wier determinéiert, nach virum Summer d’Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun mam Tice ofzeschléissen.