Zwee Chantieren op der N7 zu Housen

© Image Gemeng Housen
Duerch d'Chantiere wäert et zu gréisseren Deviatioune kommen an och d'Niewestroosse kéinte riskéieren, méi belaascht ze sinn.
Den éischte Chantier soll vum 16. Juli 6 Auer moies bis den 19. Juli um 22 Auer owes daueren. Da gëtt tëscht dem Agank vun Housen aus Richtung Maarnech bis op d’Héicht vum Garage Schweig eng nei Couche geluecht. D'Deviatioun fir an Direktioun Norde geet hei iwwert den Eesberwee, duerch den Ourdall, iwwer Uewereesbech a Rouderssen. Vun do aus geet et dann iwwer den CR342 nees op d'N7 an Direktioun Norden.
De Belag vun der N7 war zu Housen fir d'lescht viru 15 Joer quasi op der kompletter Längt vun der Uertschaft erneiert ginn. An der Tëscht gouf et eng Partie Fléckaarbechten. An e puer Joer wäert d'Strooss komplett mussen opgerappt ginn, well déi ënnerierdesch Infrastrukturen erneiert musse ginn. D'Aarbechten un der Kanalisatioun ginn an Ugrëff geholl, wann den Houser Contournement bis fäerdeg ass. Aktuell geet een dervun aus, datt dat 2030 de Fall wäert sinn.
Et hätt een awer net nach e puer Wantere kënne waarden, fir een neien Tapis ze leeën, ëmmerhi wier d'N7 mat 14.800 Passage pro Dag an der Moyenne eng vun de wichtegste Stroosse vum Norden, heescht et vu Ponts et chaussées op Nofro hin. Déi aktuell Erneierung vum Belag kascht eng ronn 150.000 Euro.
A Richtung Süde leeft d'Deviatioun duerch Housen selwer.
Vum 19. bis den 22. Juli gëtt dann d'Tranchée déi nei Héichspannungsleitung vun der Creos duerch d'N7 gezunn. Hei wäert d'Deviatioun a Richtung Norden iwwert de Rond-point Schinker, den Ourdall, Pëtschent a Stolzebuerg iwwer den CR342 nees op d'N7 an Direktioun Norde féieren.
Den Trafic fir an de Süde wäert duerch d'Strooss op der Héi an d'Aktivitéitszon ëmgeleet ginn.
Den Detail vun den Deviatioune fannt Dir um Internetsite vun der Gemeng Housen.