Sortie Stengefort
Eng Roulotte op der A6 brennt komplett aus

© Domingos Oliveira (RTL)
D'A6 op der Héicht vun der Sortie Stengefort war e Méindeg de Moien ze evitéieren.
Duerch den Asaz vun de Pompjeeën an den Opraumaarbechten war d'Streck op dëser Plaz deels gespaart, sou dass et sech hei gestaut huet. Géint 12.45 Auer koum d'Matdeelung, datt den Accident geraumt an d'Sortie Stengefort nees op wier.
Beim Virfall gouf keng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vu Koler a Stengefort.
©
Domingos Oliveira (RTL)
©
Domingos Oliveira (RTL)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies